Cycle 1
Theater van de Kanner aus dër Villa Reebou
2015-03-11Dese Fregdig, den 13.3 van 15.00 bis 16.00 Auer laaden d'Kanner an hir Jofferen aus dër "Villa Reebou" an op zwee kleng Theaterstécker, déi sie an deene leste Wochen zesaamen ageprouwt han.
Daat ischt Stéck heescht: De Wollef deen eng anner Faarw wollt hun an am zweete Stéck séicht de Wollëf eng Frëndin.
Grouss a Kleng free'ën sich lo well drop fir bei dëser Opféirung am Centre culturel kannen derbäi ze sën.
D'Opféirung woor fir all Bedeeligt ee groussen Erfollig a Photoën aus dër Virstellung fand dër lo hei!
Vill Spaass beim Kucken!

Nei Projets'ën op eiser Homepage
2015-02-03Mat deene folgende Linkën kommt dër op eng Reih nei intressant Projets'ën, déi ann dër Aarbicht, respektiv an engem permanente Wandel sën.
Vill Spaass beim Raluussen:
Museumsbesuch zum Thema:Tiere im Winter
Skivakanz 4.1.C
Mat Kanner philosophéieren - Morale am Cycle 3
Märchen 2015

Schwammformatiounen zu Wëntger
2015-01-24Nodeems dat mër als Schoul Enn 2014 eng Weiderbildung a Saachen Rettungsschwammen, déi iwert d'FLNS zu Wëntger mam Formateur Müller André organiséiërt giä woor, matgemaat han mam Ziel den "Rettungsschwammbrevet" ze absolvéiren, haat eis Schoul sich lo beim Institut de Formation Continue eng Weiderbildung aagefroot a Saachen Schwammcourën haalen.
Bei dën Inhalter van dë Courën gung ët beim Cycle 1 an 2 hauptsächlich ëm d'Wassergewöhnung. D'Cyclen 3 an 4 han méi een Iwerbléck iwert d'Erléiren van dën Techniken beim Broschtkraul, Réckekraul an Brasse kriit.
No engem theoretischen Iwerbléck waat de Lehrplan an d'Inhalter van dër Wassergewöhnung, respektiv dën Schwammtechniken aageet, han d'Formateuren, d' Hären Claude Scheuer an Norbert Ruschel äis dunn an dër Wëntger Schwämm eng ganz praxisnoh Weiderbildung offréiërt, wou mër an Ateliers déi eenzel Etappen vam Schwammeléiren an dër Grondschoul konnten durchloofen.
D'Enseignants aus eiser Schoul kannen ënner folgendem Link all d'Infoën, déi mër van eise Formateuren zur Verfügung gestalt kruuten, aafroufen.Weiterbildung Schwimmen
Mat dër Hëllef van eisen 2 Formateuren ass eis Schoul lo na aam Gang dëse Volet vaan dër Formatioun aafzeschléisen den sou beim IFC ausgeschriwe woor: Ausarbeitung eines schuleigenen Lehrplans im Kompetenzbereich "Bewegen im Wasser" für die Zyklen 1 und 2"
Dën Hären Claude Scheuer a Norbert Ruschel een décke Merci fir déi ganz praxisnoo, "sprëtzig" an intressant Formatioun mat där ët aïs hoffentlich gelengt alle Kanner aus eiser Schoul d'Angst, sou wäit do, viraam Element Waasser ze huällen, an hinnen déi néidig Grondlagen noom Prinzip van dën 3 L: Lernen - Leisten - Lachen ze liwweren, fir sou mat Freed kënne Schwammen ze léiren an déi an dëm folgenden PDF beschriwe Kompetenzen aus dëm Lehrplan ze erreechen.

De Kleeschen op Besuch an dër Schoul "Um Kiemel"
2015-01-15De 5. Dezember hat de Kleeschen mat sengem schwaarze Gesell rëm de Wee op Wëntger an d'Schoul fond.
Nogereecht hei na eng ganz Reih Biller van dë Virstellungen vam Cycle 1.
KunstKultur
Zwee Krëppespiller op "Hëlljer Owend" zu Boxer
2014-12-25Am folgende Link fand Dër dann lo d'Photoën van dë Krëppespiller, déi d'Kanner op "Hëlljer Owend" zu Boxer vira grousser Kuliss opgefouërt han.
Vill Spaass beim Kucken, schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an daat neit Joor!