Sonndeg, 22. Mäerz 2026

Home

News


De Stradivari-Quartett trëtt bei eise Kanner op

2016-03-01

Am Kader vam klenge Maarnicher Festival trëtt de renomméiërte "Stradivari-Quartett" ee Sonndig, den 6. März 2016 um 16.00 Auër zu Eeschwëller an dër Kirch op, fir do ee Concert ze giän.

An Zesaamenaarbicht mat dën Organisateure vam klenge Maarnicher Festival ass ët äis gelong de  "Stradivari-Quartett" dann o fir een Optrëtt viraan de Kanner aus eiser Schoul ze gewannen.

Dësen Optrëtt ass ee Fregdig, den 4. März programméiërt. Niäwent engem Ausschnëtt aus dëm Joseph Haydn sengem Reiterquartett, den d'Virtuosen äis op hire kostbaren Instrumenter spillen, wärten d'Musiker de Kanner ewer o hir Instrumenter aa sëch virstellen an op Froën van de Kanner äntwerten.

Mër free'ën äis well all op ee Fegdig.

De Concert aan sëch ass als Optakt ze gesin van engem Musikprojet,deen äis dann o na an deene nächste Schoulwochen wärt begleeden.

Op dëser Platz wärte mër eech iwer dee wegdere Verloof vam Projet um Loofenden haalen.

Dër Wëntger Gemeng lo well een décke Merci, dat sie äis durch hir Finanzsprëtzen an d'Zurverfügungstellen van dën Infrastrukturen ënnerstëtzt, dat mër dëse musikalische Projet kënne réaliséiren.

Hei dën direkte Link op dë Projet:
Konst a Kultur



Kannerfaasbal_2016

2016-02-27

Sonndës, den 7ten Februar 2016 wor den traditionnellen Faasbaal zu Wëntger am Centre Culturel organiséiert vun der Elterevereenigung.

Ab 14h00 hot den Orchester "Willi", déi Grouss an déi Kleng begeestert. Et gouf gespillt, gesprongen, geloof , gesongen an gedanzt. Wärend d'Kanner sich op  der Danzpist amüséiert  hon, konnten d'Elteren ee gudden Patt dranken oder eng vun eisen frësch gebaakenen Waafelen eessen oder engt gut Gebäck vun eisem gut gefëlltenen Gebäckbuffet genéissen.

Dofir vun hei na ee grousse Merci un d'Elteren déi eis mat engem Gebäck ënnerstetzt hon. Vill Spaass haaten d'Kanner ewer och bei eisem traditionnellen Glécksraad an mat dem ganz neien Fëscherspill wou no 7 Enten fëschen ëmmer ee schéine Preis op Sie gewaart hot.



Ouverture aux langues

2016-02-25

An enger Formatioun, déi schoulintern den 25.2. 2016 zum Thema  "Ouverture aux langues an Sac d'histoires" gehaale gouf, kruute mër folgend Brochure a folgende Film van dë Formatricen Jeanne Letsch, inspectrice, Anne-Marie Antony, documentaliste, MENJE an Angélique Quintus, institutrice, recommandéiërt. Heimat kann een sich ee praxisorientéiërten Iwerbléck verschaafen waat mat deenen zwee uäwe genannte Begrëffer gemengt ass.

An dën INTERNA kann d'Léierpersonal aus eiser Schoul ënner dësem Link Ouverture aux langues Sac d'histoires na wegder Infoë fannen.

Vill Spaass beim Raliäsen a Rakucken:



Faasicht an dër Schoul 2016

2016-02-05

An der Galerie hei drënner fand dër Photoën zur Faasicht 2016 an dër Schoul um Kiemel.



Om Bauerenhaff zu Reiler

2015-12-30

Am Kader van der Woch van der Mëllich ass eis Klass (2.1.C) Dasdes den 15. Dezember ob Reiler ob den Bauerenhaff van der Famill Schlechter gefaren. Do kruten mer all Informatiounen iwwert Mëllichvéih an o iwwert Mëllichproduktioun. Et woer engt Léieren matt allen Sënner. Mer duäreften richen, schmaachen, stréilen...Zum Schluss guff et dunn na lecker Mëllich ze schmaachen. Schoulkanner woren begeestert (ewéi een ob de Fotoen gesäit) a mer soën der Famill Schlechter villmols Merci datt sie eis ëmpfungen hatt.




Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot