Sonndeg, 15. Juni 2025

Mam Härz kucken

2017-01-02

Op hällger Owend hat d'Krëppespill-Theateréquipe rondrëm d'Christiane Hoffmann zu Boxer an dër Kirch d'Stéck "Mam Härz kucken" opgefouërt.

Wéi all Joor haat d'Christiane o dëst Joor rëm engt eegent Stéck geschriwen, hat Kostümer gebastelt an fir daat néidigt Bühnebild gesuärrigt.

An enger ganzer Härd Prouwen, déi ëmmer no dër Schoul aafgehaal goufen, hat d'Christiane du mat dën intresséiërte Kanner aus deene verschiddene Cyclen aus eiser Schoul d'Stéck "Mam Härz kucken" astudéiërt.

An dën Opwand hat sich o dëst Joor rëm rentéiërt. Enner dër musikalischer Begleedung vam Hoffmann Francis, dëm Schmitz Romain an dëm Jana Van Werweke op hällger Owend hirt Best giän fir dën villen Léckt, déi sich an dër Kirch afond haaten, op anschaulich Art a Weis de Grondgedanken vam dësjährige Krëppespill nozebrengen.

Aafgeroont gouf d'Krëppespill an sëch mam Ligd "Denn dir gehört mein Herz", är dën Pastouër Lubomir Fabcin an dën Diakon Müller Michael d'Kanner an dër Kiirch allegaar eenzel geseent han.

D'Ingrid Scholzen hat dono na allen Akteure Merci gesoot fir déi schéin Adventszäit, wou dann o rëm a villen Diärfer an eiser Gemeng regelméissig zur "Advendtsfënster" agelaade giä woor. Aafschléissend hat d'Ingrid dann na d'Initiativ "Reech eng  Hand - Reech deng Hand" virgestalt, déi ee Schrëtt op d'Flüchtlingen zoumëcht, déi bei äis an rondrëm eis Gemeng liäwen an Hëllëf op verschiddene Pläng brauchen. Niäwent materieller Hëllëf ass d'Viraussetzung fir eng gudd Integratioun viraan allem d'Erléiren van eiser Sprooch an d'Méiglichkeet op Léckt ze stoussen, déi hirt Härz fir d'Flüchtlingen an hir Problemer opmaën. "Mam Härz kucken" ass also, d'Devise fir d'Advendtszäit a fir daat kommend Joor!

Wee méi iwert d'Initiativ "Reech eng Hand - Reech deng Hand" wëll wossen fënd ënner genau dësem Link déi néidig Informatiounen um Internet.

A wee nodréiglich wëll Deel huällen aam Krëppespill van dësem Joor, dee kann an déi folgend Galerie raluusssen.

Vill Spaass dobäi an eech all all Gudds am neië Joor!