![]() | Kloertext: Gewalt-Kanner: Hëlt d'Gewalt vu Klengem un zou?2018-04-18Maacht endlech d’Aen op, eise Kanner geet et net gutt! Den Opruff vun enger Maison-Relais-Direktesch hat enormen Echo, mä wéi dramatesch ass d'Situatioun? Mat dësem Ophänker fängt d'Caroline Mart d'Kloertext-Emissioun vam 18.4.2018 aan. Ween méi zum Thema wëll wossen kënnt iwert de folgende Link direkt op déi passend Säit bei RTL, wou een sich d'Emissioun dann na eng Kéiër kann aakucken. Alles gëtt an eisem klenge Lëtzebuerg ënnert den Tapis gekiert, mir maachen op heile Welt, mä onse Kanner geet et net gutt! En Hëllefruff via oppene Bréif vun enger Responsabeler an enger Maison Relais, an deem si beklot, dass ëmmer méi Kanner hire Malaisen duerch Gewalt, kierperlech a verbal, ausdrécken, souwuel ënnereneen, wéi och vis-à-vis vun den erwuessene Betreier. E Schreiwes, wat enorm vill Reaktiounen a Commentairen ausgeléist huet an deem d’Patricia Heck fuerdert, et wier héich Zäit, fir ëmzedenken! Ass et wierklech esou dramatesch? Wéi gesäit et an onse Betreiungsstrukturen a Schoulen aus, handelt et sech bei esou Aggressioune méi em vereenzelt Fäll op bestëmmte Plazen, oder ass et schonn en déifgräifende a méi allgemenge Problem?
Patricia Heck Chargée de Direction Maison Relais Reiler 24 Joer Beruffserfahrung Patrick Dichter Schoulmeeschter Wëntger 27 Joer Beruffserfahrung Simone Weber Schoulpresidentin a Léierin Helperknapp 37 Joer Beruffserfahrung Georges Haan Délégué à la Bientraitance Gewaltberoder Proff Georges Steffgen Direkter vum Master a Psychologie Uni.lu Gewaltfuerscher Gilbert Pregno Kannerpsycholog + Famillentherapeut fréieren Direkter Kannerschlass Suessem |