News
Geheimnis der Geistervilla
2017-07-14Um leste Schouldaag han d'Klassen 3.1.B an 3.2.B hiren Theater "Geheimnis der Geistervilla" fir hir Schoulkomerooden an d'Eltren opgefouërt.
An engem opwännige Stéck, wou vil Text am Virfeld haat musse geléiërt giän a vill Décorën gebastelt giä wooren fir zu all Moment daat passend Bühnebild op d'Breeder, déi d'Welt bedeiten, ze zauberen, han d'Kanner allegaar hirt Best giän fir rëm Ordnung an d'Geestervilla zë kreiën.
Wen bëssen hannert dë Rideau wëll kucken, dee ka folgend Galerie opmaën fir dee Grupp Kanner an Aktioun ze gesin, deen am Nomëttich vam 14. Juli op dër Bühn stung.
Vill Spaass beim Raluussen an eng schéin an erholsam Vakanz, déi d'Acteuren an all anner Kanner aus dër Schoul sich redlich verdingt han, wënscht d'Léiërpersonal vam Kiemel van dëser Platz!
» Galerie

Kiemelphotoën
2017-07-11Um Summerfest haaten vill Léckt sich am Baurelook verkleed an han eng "Kiemelphoto" van sëch schéisse geloss.
Hei kann dër lo d'Resultat gesin.
Vill Spaass beim Kucken!
» Galerie

De Cycle 4.1 woor Golf spillen
2017-07-10Am Rahmen vam Turnunterricht haaten d'Enseignants aus dëm Cycle 4 eng Combine mam Golfclub va Cliärrëf. An dem Kader wooren Mëmbren vam Golfclub 3 Mool bei d'Kanner an d'Schoul komm fir mat hinnen d'Basen vam Golfspillen ze trainéiren.
Als Aafschloss van dësem Training wooren d'Kanner aus dëm Cycle 4.1 an dër virlester Schoulwoch dann op Cliärrëf op dë Golf invitéiërt, fir do ënner reellen Conditiounen kannen dësen, an eise Regiounen, nët alldeegliche Sport ze praktizéiren.
Dë Mëmbren vam Cliärwer Golf een décke Merci fir hiren Asatz a Merci o, dat sie dë Kanner ët erméiglicht han paar Bäll um Golf zu Cliärrëf anzelachen.
Hei kann dër an dër Galerie kucken wéi eise Cycle 4.1. sich um Golfterrain zu Eselburren geschloo hat.
Summerfest 2017
2017-07-08Ënnert dem Motto "Um Baurenhaff" stung dëst Joor eist Summerfest.
An dem Rahmen haat eise Summerfestgrupp sich dann o déi ënnerschiddlichsten Aktivitéiten ausgedaacht fir Grouss a Kleng mat op de "Baurenhaff" ze huällen. D'Angebot van dën Aktivitéiten gung vam "Bullenreiten" iwer Pärd, Trakteuren, Schubkaaren, Klengdéiren, Fëschen, ... bis hën zum einfachen Patt beim Comptoir.
Fir musikalisch Animatioun hat um 17.00 Auër dë Jugendorchester van dër Wëntger Musik gesuärrigt, är um 19.00 Auër o na den traditionellen Foussballmätch van de Kanner aus dëm Cycle 4.2. géint d'Schoulmeestren um Programm stung.
D'Eltrevereenigung, d'Personal aus dër Maison relais an d'Léiërpersonal han zesaamen an engem Seel gezuiën fir dat dësen Daag bei perfektem Summerwiädder gudd sollt iwert d'Bühn goën.
Wen sich engt Bild vam Fest wëll maën, dee kann an déi folgend Galerie raluussen.
» Galerie
Optakt vam Summerfest 2017
2017-07-07Zum Optakt vam Summerfest 2017 haat dë Grupp "Summerfest" d'Theatergrupp "Kuliss" mat hirëm Stéck "Dën Oscar leet een Ee" agelaaden.
Moiës gouf d'Stéck fir d'Kanner van de Cyclen 1 an 2 opgefouërt. Nomëttes wooren dunn d'Cyclen 3 a 4 aan dër Reih fir dëm Bauër Oscar beim "Eerlee'ën" nozekucken.
An dër folgender Galerie fand dër d'Photoën vam Stéck.
» Galerie