Home
News
Besuch vam Kleeschen an der "Schoul um Kiemel"
2018-12-03Eisem Kleeschen soën mër een décke Merci, dat ën o dëst Joër rëm sou gudd aan eis Kanner gedaacht hat.
All wooren së begeestert wéi dee gudde Mann sich den 3. Dezember bei äis an der Schoul afond hat. Moiës hat heen d'Kanner van de Cyclen 2- 4 an hire Klasse beséicht.
Nomëttes wooren déi Kleng aus dëm Cycle 1 dunn nët méi an hirëm Äifer ze bremsen an sie han dëm Kleeschen ee waarmen Empfang an dër Turnhall bereet, wéi dë Fotosdossier hei ënnenndrënner weist!
Bei senger Begréissung an der Turnhall hat de Kleeschen d'Kanner begléckwësnscht, dat sie daat ganzt Joor iwer sou brav wooren. Dën Eltren hat hee mat op de Wee giän fir sich Zäit fir hir Kanner ze huällen, heiansdo engt Gesllschaftspill mat hinnen ze maën an hinne sou mann wéi méiglich där véiëreckiger Kësten an d'Hand ze giän.
No dën Opféirunge van de Kanner gouf na engt Gruppebild mat deenen verschiddene Klassen aus dëm Cycle 1 gemaat, är all eenzelt Kand du seng verdingten Tiitchen vam Kleeschen iwerreecht krut.
Nodems dee gudde Mann dë Kanner dunn Äddi gesoot haat, hat d'Eltrevereenigung d'Eltren mat hire Kanner an eng Kaffisstuff am Hall van dër Sportshaal invitéiërt, wou dën Owend dunn bei engem gemittliche Pättchen an engem Häppchen ausklenge geloss gouf.
» Galerie
Daag vam Boom
2018-11-27Gelegentlich vam "Daag vam Boom" woor de Cycle 4 op Lëlljen Hecken planzen.
D'Eltrevereenigung hat bei dëser Geleegenheet fir Eessen a Gedrénks gesuärrigt.
» Galerie
Generalversammlung van der Eltrevereenigung / Assemblée générale de l'association des parents d'élèves
2018-11-26Den 23.11.2018 haat d'Eltrevereenigung hir alljährlich Generalversammlung.
Wen intresséiërt ass bësse méi iwert d'Aktivitéite van der Eltrevereenigung gewahr ze giän, dee kann folgend Doukument mam Bericht van dësem Joor opmaën.
(Photoën aus der Versammlung: Jeff Engelen)

Comprendre les comportements difficiles chez les enfants et s'outiller pour y faire face
2018-11-24C'est le titre de la formation "Inhouse" qui a commencé samedi, le 24 novembre et connaîtra une suite les samedis 19 janvier et 15 juin.
Le formateur Paul Leurquin est depuis 2004 directeur d'une école fondamentale d'enseignement spécialisé accueillant des élèves ayant des troubles du comportements et/ou de la personnalité (type 3), éducateur spécialisé de formation, instituteur 15 ans, co-auteur du livre "Gérer les comportements difficiles chez les enfants. Pistes et stratégies d'intervention" aux éditions Erasmes.
Le but de la formation qui s'étale sur 18 heures est d'habiliter les participants à:
- se détacher de la situation difficile en sortant de ses affects
- éviter de réagir et mettre en place des stratégies d'interventions efficientes
- sortir du sentiment d'incompétence face aux comportements difficiles pour réduire son stress et sa culpabilité
- s'impliquer dans la mise en place de pistes permettant la gestion des comportements difficiles.
Pour en savoir plus sur le personnage de monsieur Leurquin, vous pouvez ouvrir les liens suivants:

3. Dezember 2018: De Kleeschen kënnt
2018-11-22Mondes, den 3. Dezember kënnt de Kleeschen bei äis op Wëntger an d'Schoul.
Moiës beséicht heen d'Kanner vam Cycle 2 bis 4.
Ab 14.30 Auër ass heen dann bei eise Klengsten am Turnsall op Besuch.
Noom Besuch vam Kleeschen lied d'Eltrevereenignung na op ee Patt an ëppes ze Naschelen an hir Kaffisstuff an.
Fir eech well bëssen op de Kleeschen anzestëmmen kann dër eech d'Ligd am folgende Link opmaën a matsangen.
Vill Spaass dobäi!

