News

Neit Bildwörterbuch vun oli.lu
2018-01-27Oli.education.lu deelt mat:
Eist neit Bildwörterbuch fir Schüler, Elteren an Enseignanten ass elo online! Dir fannt et an der Rubrik 'Biller' op oli.education.lu oder direkt op https://ssl.education.lu/oli/lu/media/. D'Biller kënne fräi an der Klass benotzt ginn, z. B. fir Wierder z’erklären oder fir Aarbechtsblieder ze maachen.
Mat eiser Sichmaschin kann och ganz einfach no Biller a no Iwwersetzunge gesicht ginn, an dat a 4 Sproochen (Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch an Englesch). D'Sichmaschin bitt bei der Sich och Biller un, déi zu dengem Suchbegrëff passen. Dofir ass et och e flotten Tool fir no Wierder zu engem Thema ze sichen, oder z. B. fir Aufsätz oder Geschichten ze schreiwen. Déi meeschte Biller sinn ausserdeem als Ausmolbild disponibel. Wann ee Bild ausgewielt gëtt, weist d'Sichmaschinn och déi verschidden Iwwersetzungen un. Dofir ass et och nach eng gutt Méiglechkeet, fir Sproochen a Vokabelen ze léieren.
Doriwwer eraus ginn et ab elo och nach 2 nei Apps, déi op deene neie Biller opbauen. Mat der "Biller-Vokabelen"-App kënne Vokabelen a 4 Sprooche geübt ginn, mat der "Zielen"-App léieren d'Kanner Biller am Zueleraum bis 100 zielen. Déi 2 nei Apps fannt Dir hei:
https://ssl.education.lu/oli/lu/apps/vocpix/run/
https://ssl.education.lu/oli/lu/apps/count/run/
En Update mat weidere Biller ass fir d'nächst Schouljoer geplangt. Wann Dir der Meenung sidd, dass wichteg Biller feelen, da kënnt Dir eis natierlech gäre Suggestiounen eraschécken.
Vill Spaass mam neie Bildwörterbuch wënscht
D’Equipe vum Oli
"Déirenausstellung" vam Cycle 3
2018-01-24D’ Kanner aus dem Cycle 3 hunn am Kader vum Eveil een flotten Projet zum Thema Déieren réaliséiert. All Klass huet een Kontinent zougedeelt kritt, an d’ Kanner hunn fläisseg ugefaang, Informatiounen iwwert deen Kontinent no ze sichen. Am Internet, Lexikon an an den Bicher hunn si allerhand Saachen iwwert d’ Länner vum Kontinent, an och senger Déierewelt, fonnt.
D’ Kanner hunn sech, an Gruppen oder alleng, een besonnegt Déier rausgesicht, iwwert dat si méi wëssen wollten. Si hunn dat ganzt als Plakat, als PowerPoint oder als Roll-up zesummen gefaasst. Verschiddener hunn dat ganzt och mat enger Bastel- oder Moolarbescht oder enger Sachaufgab am Rechnen kombinéiert.
Schlussendlech hunn d’ Kanner dat den leschten Dag virun der Chrëschtvakanz deenen aneren Kanner aus der Schoul virgestallt. Hei konnten di Klassen, di agelueden waren, sech dat ganzt op sougenannten "Maartstänn" presentéieren loossen.
Allen an allem wor et een super Projet woubäi all d’ Kanner immens vill iwwert déi verschidden Déieren geléiert hunn.
D’ Kanner aus dem Cycle 3 hunn am Kader vum Eveil een flotten Projet zum Thema Déieren réaliséiert. All Klass huet een Kontinent zougedeelt kritt, an d’ Kanner hunn fläisseg ugefaang, Informatiounen iwwert deen Kontinent no ze sichen. Am Internet, Lexikon an an den Bicher hunn si allerhand Saachen iwwert d’ Länner vum Kontinent, an och senger Déierewelt, fonnt.
D’ Kanner hunn sech, an Gruppen oder alleng, een besonnegt Déier rausgesicht, iwwert dat si méi wëssen wollten. Si hunn dat ganzt als Plakat, als PowerPoint oder als Roll-up zesummen gefaasst. Verschiddener hunn dat ganzt och mat enger Bastel- oder Moolarbescht oder enger Sachaufgab am Rechnen kombinéiert.
Schlussendlech hunn d’ Kanner dat den leschten Dag virun der Chrëschtvakanz deenen aneren Kanner aus der Schoul virgestallt. Hei konnten di Klassen, di agelueden waren, sech dat ganzt op sougenannten "Maartstänn" presentéieren loossen.
Allen an allem wor et een super Projet woubäi all d’ Kanner immens vill iwwert déi verschidden Déieren geléiert hunn.
» Galerie

« Agir ensemble pour répondre aux défis de recrutement à l’enseignement fondamental »
2018-01-23Nodems an deene leste Wochen ëmmer rëm iwer déi manifest Pénurie aa Léierpersounen am Fondamental an dë Mediën Riädds gung, gouf ënner dëm Motto « Agir ensemble pour répondre aux défis de recrutement à l’enseignement fondamental » lo een Accord tëscht MENJ an SNE / CGFP een accord fond fir nët nëmmen op dës latent Pénurie ze réagéiren mee fir o de Recrutement an Zukunft annischters kënnen ze organiséiren.
We méi doriwer wëll wossen kann fa folgend Dokumenter raluussen:

Summerfest: 6. Juli 2018 - Save the date
2018-01-22Veuillez dès à présent déjà retenir la date du “Summerfest”, qui clôtura l’année scolaire 2017-2018.
Les détails quant au déroulement exact de la fête vous seront communiqués en temps utile.
Notéiert Iech elo schonn den Datum fir d’Summerfest vum Schouljoer 2017/2018.
Mir deelen Iech spéider nach déi weider Deteiler zum genauen Oflaf vun dësem Fest mat.


Eltrenowend an der Maison relais, van Daasdes, den 23. Januar 2018 ass reportéiërt op ee spéideren Datum
2018-01-22Elterenowend 23/01/2018:
- ATTENTION : SOIRÉE REPORTÉE À UNE DATE ULTÉRIEURE, POUR RAISONS DE SANTÉ. MERCI POUR VOTRE COMPRÉHENSION !
- OPGEPASST: AUS GESONDHEETLECHEN GRËNN MUSS DEN ELTERENOWEND OP EEN ANEREN DATUM VERLUEGT MERCI FIR ÄERT VERSTEESDEMECH!