News

Summerfest de 6. Juli
2018-06-27Dëst Joor steet eist Summerfest ganz am Zeechen vam Zirkus.
Am Loof vam Daag stin ënner annerem Comedy-Jongléiër Showen mam Christian Dir um Programm.
D'Ateliers, déi fir d'Kanner organiséiërt sën, dréinen o all rondrëm d'Thema Zirkus.
Doniäwent trëtt dë Jugenorchester van dër Wëntger Musik op an aafgeschloss gët dën Daag natirlich mam Gala Foussballmatch.
Fir Déteiler gewaar ze giän, maat w.e.g. dee folgende PDF op:
Wichtig Info:
Fir all Foussballbegeestert:
D'WM - Matcher Uruguay- Frankräich an Brasilien - Belsch giän um Summerfest live op enger Leinwand iwerdroo!!!

Coupe scolaire 2018
2018-06-13Bei guddem Wiädder han sich d'Kanner aus dëm Cycle 4.1. ee Samsdig, den 10.06.2018 zu Aasselburren am Weyer Gaart getraff fir sich van hei aus an d'Coupe scolaire ze lancéiren.
No dër theoretischer Virbereedung an dër Schoul an enger praktischer Aféirung am Verkéiërsgaart zu Housen, déi an Zesaamenaarbicht mat dër Police gemmat gouf, hat een de Kanner op dësem "Examensdaag" trotzdem eng gewëss Nervositéit aagemiärkt. Hockt mussten sie nämlich ouni d'Begleedung van engem Erwaassenen am normale Stroosseverkéiër beweisen, dat sie daat Geléiërt an enger reeller Situatioun ëmsetze konnten.
Är d'Kanner sich ewer op hirt Raad konnte setzen han d'Policebeamten van dër Elwenter Brigade gekuckt op d'Reeder de Sëcherheetsnormen entspreechend richtig équipéiërt wooren. An d'Pompiers va Wëntger sou wéi d'Ambulanciers van Elwen han derviir gesuärrigt, dat déi jung Cyclisten sich a Sëcherheet konnte spiiren.
Um 9.30 Auër woor dunn alles prett an d'Kanner han sich op de Saadel geschwong fir eng "Testronn" um gudd gekennzeechente Parcours ze dréinen. Den 2. Tour gouf ët dunn eescht an ët diärft een sich lo kee Fehler méi am Stroosseverkéiër erlaben, well op de Kontrollposten gouf d'Fahrverhaalen van de Kanner bewert.
Géint 10.30 Auër woor d'Prüfungsituatioun du riwer an d'Kanner goufen no där Aastrengung fir d'ischt Mool mat engem Gedrénks an enger Mëtsch van de Vertreter van dër Eltrevereenigung fir hiren Asatz op dësem Samsdigmoiën belount.
An dono han sie sich na bëssen op dër Spillplatz ausgetobt, är all Kand zum Aafschloss säi "Radführerschäin" an engt Paar Radhänschen vam Bové Serge am Naam van dër Eltrevereenigung iwerreecht kruut.
Als ischt haaten sich klasséiert:
1. Platz: Bertemes Daniel
2. Platz: Trausch Yves
3. Platz: Neser Jules
Dë 1. Schäffen Meyers Lucien hat aafschléissend alle Kanner félicitéiërt, dat sie alt rëm eppes Neiës an hirem Liäwen dobäi geléiërt hätten an hat hinnen vill Spaass a Gléck op d'Rees gewënscht, fir de Fall, dat sie lo aktiv aam Strooseverkéiër wëllten Deel huällen.
Dër Eltrevereenigung, dën Eltren, dëm Léiërpersonal, dër Police, dë Pompiers an dën Ambulanciers soot heen ebenfalls Merci fir hiren Asatz am Dingst van de Kanner, är du jidfereen säin Drootiäsel op oder am Auto verstaut hat, fir dann op de Mëtteskast lass ze fahren.
Mër free'ën äis well op d'Oplaag 2019 van dër Coupe scolaire.
An dër Galerie kann dër dë Führerschäinsanwärter na bëssen nokucken bei hirem Examen:
» Galerie

Olympiade an der Coque
2018-06-04De 17. Mai hat d'LASEP va Wentger aan der Olympiade an der Coque deelgeholl.
Fir d'ischt gouf et eng Ouvertürsfeier während däer déi Olympesch Fakel ukoum.
Um Programm stoungen verschidden Atelieren déi dem Alter no opgedeelt waren.
Den Cycle 1 an den Cycle 2 sen op engem Parcours geklootert, ha Minigolf gespillt, Ballspiller gemaach an han verschidden Spiller mat Rolzen gemaach.
Den Cycle 3 an den Cycle 4 haat och Rolzen um Programm stoen, ausserdem han si mam Bou geschoss, sen um Trampolin gesprong an han verschidden Arten va Ballspiller gemaach.
No dese flotten Atelieren, sen d'Kanner zum Ofschloss nach eng Ronn zesaame geloof.
» Galerie

“CONCEPT D’ACTION GÉNÉRAL” (CAG) PÄDAGOGESCHT KONZEPT VUN DER MAISON RELAIS WËNTGER ASBL
2018-05-15
Schoulsportdaag 2018
2018-05-11Wéi all Joor haat eise Schoulsportdaaggrupp o dës Kéiër rëm all Hiäwlen bei deene verschiddene Veräiner aus dër Emgegend a Bewegung gesatt fir een attraktive Programm fir d'Kanner op d'Been ze stellen.
Well vill Ateliers o am Fräie statt fond han, konnte mër frou sën dat de Wiäddergott matgespillt hat, an äis sougaar zäiteweis paar Sonnestrahlen an d'Arena geschéckt hat, fir eis "kleng Gladiatore" bëssen ze erwiärmen.
D'Kanner woore mat Leiw a Séil bei deenen eenzelne Sportsaktivitéiten dobäi an no all Ateliers hat ee Kanner héiren, déi gemengt han: "Daat do ass cool, an dee Veräin wëll ëch o goën!"
D'Veräinsléckt wärt daat bstëmmt free'ën an dann hoffe mër fir sie, dat dësen Daag hinnen dann o paar nei Lizenséiërt brengt.
Da wiir d'Organisatioun van dësem Daag eng "Win Win Situatioun" fir d'Schoul a fir d'Veräiner.
Op eng nei Oplaag also van dësem flotten Daag fir Grouss a Kleng!
A wee lo ee klengen Abléck an dën Aafloof vam Daag wëll kreiën, dee kann dee folgende Link opmaën: