Sonndeg, 15. Juni 2025

News


D'Flèche du Sud passéiërt bei eiser Schoul

2018-05-11

Als Aafschloss van eisem Schoulsportdaag hat d'Flèche du Sud sougar bei eiser Schoul Halt gemaat.

Hei paar Photoën van dër Radcourse, wou eis Kanner no engem relaxen, mee kiärperlich ewer aastrengenden Daag d'Coureuren iwert d'Ziellinn bei dër Schoul gejaut han.



Musikdaag 2018 fir d'Cyclen 2 an 3

2018-05-09

De 9. Mee 2018 haaten eis Cyclen 2 an 3 d'Enseignants aus dër Kliärrwer Musikschoul op Besuch, déi hinnen Blech- an Holzbloosinstrumenter, souwéi Percussiounsinstrumenter virgestalt han.

Am 1/2 Stonne- Rhythmus sën déi eenzel Gruppen an dräi verschidden Ateliers défiléiërt, wou sie op ganz anschaulich a verständlich Art a Weis de Fonctionnement van deene jeweiligen Instrumenter erklärt kruuten.

D'Enseignants aus der Musikschoul haaten o musikalisch ee flotte Programm virbereet, sou dat d'Kanner no all Atelier gudd animéiërt an informéiërt de Musiker dee néidigen Applaus gezollt han.

Am Enn vam Moiën hat d'Schoul um Kiemel der Kliärrwer Musikschoul wéi o dër Wëntger Musik, déi d'Percusiiounsinstrumenter zur Verfügung gestalt hat, Merci gesoot fir déi flott Initiativ, déi der Musikschoul wéi o de Musikveräiner aus der Emgegend hoffentlich par nei intresséiërt Kanner an hir Reihen brengt.

Demnächst wärten o na eis Cyclen 1 a 4 Besuch van dër Musikschoul kreiën. Am Cycle 1 steet eng Form van Eveil musical um Programm während de Cycle 4 ischter am Beräich vam Gesank wärt bedingt giän.

Soubaal dës Ateliers geloof sën haale mër eech a Bild an Text um Loofenden.

A fir eech lo ee kurzen Abléck an d'Präsentatioun vam 9.Mee ze giän hei am Anhang paar Photoën vam Daag.



"Lernen vor Ort" am Beispiel des Klosters Fünfbrunnen

2018-04-23

Am Kader vam "Klenge Maarnicher Festival" han d'Organisateuren säit paar Joor zu Fünfbrunnen d'Initiativ "Lernen vor Ort" lancéiërt.

An dësem Kontext së letzten Dasdig, den 17. Abrëll 2018 déi zwou Klassen aus dem Cycle 4.2 aus dër Schoul um Kiemel Wëntger eng Visite op den Site zu Fünfbrunnen maachen gangen. Do ukommen goufen sie vun der Madame Germaine Goetzinger, dem Här Henri Juda mat senger Madame an dem Här Marc Schoentgen empfongen. D'Kanner goufen an 2 Gruppen opgedeelt an hun 2 verschidden Atelier’en gemaach:

  • am Klouster hot den Här Juda eis d’Geschicht vun senger Famill während dem 2. Weltkrich erzielt an eis nach Informatiounen zu den Juden hirer Situation erklärt.
  • baussen beim Denkmal vom „Jüdischen Altersheim Fünfbrunnen“, hun mer gezielt kriit wat zu Fünfbrunnen geschidd ass, wei d’Juden vun do aus deportéiert gin sen an d’Kanner kunnten den Juden do mat engem Geste gedenken.

 

Nodeems sie rëm an der Schoul waren hot een gemierkt, dat des Visite bei den Kanner een festen Androck hannerlooss hot an sie getraff an schockéiert hot, mee dat sie och ganz interesséiert um Thema waren. Et gouf nach eemol zesummen iwert Thema geschwaat an an dër GALERIE fannt dir poor Gedanken vun den Kanner a Form vun engem Fotocollage, sou wéi Fotoën, déi gelegentlich van der Visite gemaat goufen.

Méi Infoën zum Hannergrond vam Projet aan sëch fand Dër o na am PDF-Dokument hei drënner.

 





Kloertext: Gewalt-Kanner: Hëlt d'Gewalt vu Klengem un zou?

2018-04-18

Maacht endlech d’Aen op, eise Kanner geet et net gutt! Den Opruff vun enger Maison-Relais-Direktesch hat enormen Echo, mä wéi dramatesch ass d'Situatioun?

Mat dësem Ophänker fängt d'Caroline Mart d'Kloertext-Emissioun vam 18.4.2018 aan.

Ween méi zum Thema wëll wossen kënnt iwert de folgende Link direkt op déi passend Säit bei RTL, wou een sich d'Emissioun dann na eng Kéiër kann aakucken.



Verhalensstéierunge bei Kanner: Lëtzebuerg geet en neie Wee

2018-04-18

Kanner mat extreme Verhalensstéierunge sinn eng grouss Erausfuerderung fir d'Schoulcommunautéit.
Si kënnen zum Deel an der Schoul net méi gehollef kréien, seet den Educatiounsminister Claude Meisch an huet dofir annoncéiert, datt eng ausserschoulesch Struktur geschaf gëtt, wou eng 50 Kanner en intensive sozio-edukativen Encadrement kënne kréien.

We méi iwer déi envisagéiërt Strukture wëll wossen kann folgende Link opmaën:




Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot