News

Schwammnometteg van der Lasep
2019-03-26Dasdes, den 26. Mäerz hat eis Lasep-Sektioun een Schwammnometteg zu Wentger an der Schwämm organiséiert. An 2 Tiir konnten d'Kanner sech jeweils an 6 Atelieren amüséiren. Um Programm stoungen Tauchen, Wasserball, Staffelen an eng Figur nobauen fir eis Schwemmer an Spiller mam Bried a mat der Poolnoodle fir eis Netschwemmer. Och d'Fraispill hat op desem flotten Metteg net duerfen feelen. Am Ganzen haaten 108 Kanner de Wee op Wentger fonnt.
» Galerie

Faasicht an dër Schoul
2019-03-05Wen ee klengen Abléck wëllt kreiën wéi d'Faasicht an dër Schoul gefeiërt gouf, dee ka folgend Linken opmaën!
Vill Spaass beim Raluussen!
Faasicht an de Cyclen 2 an 3
Faasicht an der 2.1.B
Faasicht an der 2.2.B

d'Kiemelkiddies hon eng nei Adress
2019-03-04ab dem 25. Februar '19:
23, Haaptstrooss
L-9780 Wincrange
Schoul um Kiemel - Naturparkschoul
2019-02-27Um Owend vam 26. Februar woor dën Här Michel Schammel an dër Schoul fir allen Intresséiërten va Gemeng, Léiërpersonal a Personal aus der MR dë Projet "Naturparkschoul - héich 3" virzestellen.
Bei dem Projet geet ët drëms fir d'Aktivitéiten, déi am Naturpark méiglich sën, nët als Spillwiss ze verstoën, wou een sich gelegentlich mat de Kanner austobe geet. Vill méi geet ët drëm fir all Ressourcen ze vernetzen, fir aus de Projets fächeriwergräifend Aktivitéiten mat all dë Partner ze gestalten.
Wen méi iwert dee Projet wëllt wossen, kann daat folgend Dokument opmaën.


