News
Basketstage am Cycle 2
2019-06-26Fir de Basket bei de Kanner ze promouvéiren ass d'FLB an dër Woch vam 24. bis den 28. Juni an de Cycle 2 komm, wou hir Vertreter op spillerischa kompetitiv Art a Weis de Basket de Kanner de Basket méi nobraacht han.
Am Anhang paar Fotoën zu dëser flotter Initiative, wou aafschléissend all Klass déi matgemaat hat, zwee Basketbäll geschenkt kruut.
» Galerie

Fondatioun Kannerschlass-Antenne Norden stellt sich vir
2019-06-26Zanter dem 1. Abrëll 2019 ass d’Antenne Norden/Westen vun der Eltereschoul mat enger neier Mataarbechterin besat. D’Véronique Nilles ass Educatrice graduée a systemesch Familljeberoderin an huet vill Erfarung an der Aarbecht mat klenge Kanner an hire Familljen.
D’Eltereschoul gëtt et zanter 2002 a mir sinn e preventive Service vun der Fondatioun Kannerschlass,dee fir Eltere vu klengen a grousse Kanner Coursen, Soiréeën an aner Aktivitéite ronderëm d’Thema
Erzéiung a Famill ubitt. 2018 hu mir z.B. 640 Aktivitéite fir Elteren organiséiert a méi wéi 5600 Eltere begéint.
All weider Infoën fand Dër am folgende PDF:


Summerfest 2019
2019-06-25Hei fand dër dë Flyer zum Summerfest 2019, dat dëst Joor ganz ënnert dëm Zeechen vam Thema "Konst" steet.


Hitze
2019-06-25Hei fannt Dir 5 gëllen Regelen fir déi aktuell Hëtzt ze bekämpfen.



News vun der Crèche / Les nouveautés de la crèche
2019-06-24News vun der Crèche ab lo um Site! Gidd kucken!
Les nouveautés de la crèche désormais sur le site! Informez-vous!
Home > Maison Relais > Crèche Kiemelkiddies