Eltreschoul: Info2020-12-16
Dëst Joër ass e besonnescht Joër mat ville Verännerungen an der Eltereschoul.
Well mir nët méi op der Plaz kënnen Elteren am Grupp begéinen an eis Aarbecht duerch d'Covid-Pandemie ënnerbrach gouf, hu mir versicht nei Weër ze goen an en alternativen Programm unzebidden. Seit dem Juli bidden mir eis Workshops vun der Maternité all online un.
Mir hu versicht verschidden Themen aus eisem Katalog als online Owend virzestellen.
E puer vun eisen Intervenants externes sinn och op dee Wee gaangen an hunn hirt Thema als online Cours emgeschriwwen.
Mir hunn elo versicht dëst Themen a verschidde Rubriken anzedeelen esou datt si och ënnerschiddlech Elteren uschwätzen:
- Elteren vu Kanner am "Klengkandalter"
- Elteren vu Kanner am Schoulalter
- Corona an Emotiounen
- Campagne "Stop punitions corporelles" an Zesummanaarbecht mam MENJE (Service des Droits de l'enfant)
Bei weideren Froen kënnt Dir mech gären kontaktéieren.
Ech wënschen Iech eng stressfräi Woch a schéi Feierdeeg
Ganz léif Gréiss
Véronique Nilles
Eltereschoul Norden-Westen
92, Grand-Rue
L-9711Clervaux
veronique.nilles@kannerschlass.lu;
eltereschoul-nord@kannerschlass.lu
Tél: 621 34 32 71
|