News

Abschied aus dëm Cycle 1
2019-07-13Hei fand dër paar Photoën vam Abschied van de Kanner aus dëm Cycle 1, déi d'nächst Schouljoor an dë Cycle 2 wiässlen:
» Galerie
D'Summerfest 2019 - ënnert dëm Thema Konst
2019-07-05Op där folgender Säit krët dër ee klengen Iwerbléck iwer d'Summerfest 2019:
Summerfest
Vill Spaass beim Raluussen!

Austausch mam "Atelier créatif" aus dëm Lëlljer Gaart
2019-07-01Am Kader vam Summerfest 2019, daat ënnert dëm Thema "Konst" leeft, hat eng Klass vam Cycle 4 ee gemeinsame Projet mat dë Behënnerten aus dëm Atelier créatif va Lëlljen gestart.
We gär méi doriwer wéisst kann dëse Wiki oproufen:
Inclusioun iwer eis "Schoulgrenze" raus
Soirée luxembourgeoise 2019
2019-06-30Den 28. Juni haaten d'Kanner aus dëm Cycle 4.2 hir Eltren, Geschwëster, Grousseltren a Frënn an dë Centre culturel op Wëntger agelaaden, fir do mat hinnen eng "Soirée luxembourgeoise" ze feiren.
Ziel van dëser Soirée ass ët mat dë gesammelte Suën een zweedeegigen Ausflug vam Cycle 4.2 als Aafschloss van hirer Wëntger Schoulcarrière eegestännig ze finanzéiren, souzesoën op Basis van enger "Mini-Entreprise".
Dëse Plang misst dëst Joor alt rëm eng Kéiër opgang sën, vu, dat +/- 170 Léckt dër Invitatioun van de Kanner gefolligt wooren.
Ab 18.00 han d'Kanner am Préau vam Centre culturel dën Invitee'ën hir Aarbichten zur Staat Lëtzebuerg mat vill Enthousiasmus virgestalt, är dunn um 19.00 Diiren vam Centre culturel opgungen. Hei kruuten d'Gäst niäwt engem deftigen lëtzebuerger Menu, deen d'Kanner an deene lesten Deeg mat bëssen Hëllëf vam Ralf aus dër Maison Relais mat hirem Léierpersonal kredenzt haaten, o na sou munnichen musikalischen an dänzerische Leckerbissen zervéiërt.
An dër lester Paus hat d'Eltrevereenigung van dër Geleegenheet profitéiërt fir de Kanner ee klenge Cadeau als Aafschloss van hirer Schoulcarrière zu Wëntger ze iwerreechen. Am selwischten Otemzug hat de Bové Serge de Kanner am Naam van dër Eltrevereenigung dann o all Guddes fir hir wegder schoulisch Carrière gewënscht, är d'Kanner dën Owend du mam Ligd "Kachkéis, Bouneschlupp,..." aafgeschloss han.
Domat haat ee schéinen Owend sengt Enn fond a jidfereen ass sëcherlich zefridden a gudd migd an d'Bett gefall.
An dër folgender Galerie krëtt dër dann ee flotten, bewegten Androck van dësem gelongene "lëtzebuerger Owend".
» Galerie

D'Zwergeland spend fir "Le soleil dans la main"
2019-06-29D’Zwergeland (Cycle 1.C) huet 300 € fir de « Soleil dans la Main » gespend.
Merci un d’Elteren déi 5 € fir eisen DVD-Film vun de Märecher gespend hun.
Merci aux parents pour leur don de 5€ par DVD de notre film réalisé en classe.
Ennert dëm Link hei drënner kënnt dër op youtube dë Filmchen kucke goën.
En ouvrant le lien ci-dessous vous pouvez ouvrir notre production sur youtube.
Bon amusement!