Sonndeg, 8. Juni 2025

News


Schivakanz am Ahrntal

2019-12-13

Dëst Joor faaren eis Klassen aus dëm Cycle 4.1. an d'Skivakanz, an dëst vam 14. Dezember bis zum 21. Dezember.

D'Destinatioun ass wéi ëmmer St. Johann am Ahrntal.

We méi iwert dën Ausflug wëll wossen ka lo well
op dee Link hei drënner kucke goën, wou mër Eech an deene kommenden Deeg dann um Loofenden haalen.

Eise Kanner an hirem Léierpersonal wënsche mër van dëser Platz aus well eng schéin an erholsam Vakanz.
Mër free'ën äis op äre Besuch!

Schivakanz am Ahrntal 2019



d'Maison Relais sicht...

2019-12-10

d'Maison Relais sicht Ersatzpersonal fir de Schoulberäich an d'Crèche.
Bei Intressi w.e.g. bei eis melden.



Tour des MéLODIES

2019-12-06

Den TDM geet duerch d’Land

Den INECC (Institut Européen de Chant Choral),
a Collaboratioun mat de Museksschoulen a
Kulturhaiser bréngt den TDM an är Regioun.
Am Virfeld organiséiert den Inecc, zesumme
mat mimamu-SCRIPT, Atelieren an
Interventioune fir d‘Kanner an d’Enseignanten.
Dës Ateliere ginn assuréiert vun Intervenantë vum
Inecc, an Enseignantë vun de Museksschoulen
aus deene jeeweilege Regiounen.

Donieft bitt mimamu den Enseignanten eng
Formatioun un, wou d’Museksmaterial vum
TDM virgestallt an erschafft gëtt.
Dës Datumer fannt dir op mimamu ënner der
Rubrik „Formatiounen“ oder direkt um Ifen.

Méi Infoën fand Dër am folgenden PDF.



Action Chocolat pour les sans abri

2019-12-06

Hat Dër Chocolat zevill, da kann Dër mat dëser Aktioun Legden ouni Daag hëllefen!

Méi Infoën zur Actioun gët ët am folgende Flyer!



De Cycle 1 ëmpfengt de Kleeschen

2019-12-05

Mat flotten Dänz a Ligder hat dë Cycle 1 o dëst Joor rëm dë Kleeschen am Turnsall empfong.

Dë Kleeschen hat dë Kanner Merci gesoot fir hir schéin Optrëtter an hat viraan allem aan d'Eltren appeléiërt sich déi néidig Zäit fir hir Allerléifst ze huällen.

Hei an dër Galerie fand Dër dann all d'Photoën van dën Optrëtter.

Vill Spaass beim Kucken!

P.s.: Well ët ganz vill Photoë sën kann ët ee Moment dauren är Ären Browser së opmëcht. Bësse Gedold ass also gefroot. Dono lount ët sich ewer.




Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot