Donneschdeg, 1. Mee 2025

Generalversammlung van dër Eltrevereenigung 2021

2021-12-01

D'Eltrevereenigung haat hir Generalversammlung Mëttwoch, den 1.Dezember um 19:30 am Centre Culturel. Daat Ganzt ass ënnert dër 3G Covid-Check-Prozedur aafgeloof. 

Noom Präsident, dëm Laurent Winkin sengen Begréissungswiärder, hat d'Sekretärin Lis Marianne de Rapport van dën Aktivitéiten gemaat.
Am folgende PDF kann dër d'Déteiler zu dësem Rapport noliäsen.

Dono hat dën Caissier,Edy Weber, de Bilan van dër Kees gezuiën, är dë Buergermeester Marcel Thommes dër EV Merci gesoot hat fir hiren Engagement am Sënn vam Kand. Gläichzäitig hat heen eng Reih Projet'ën gesträift, wou Schoul, Gemeng an Eltrevereenigung gemeinsam Zieler verfolligen. Aagefong hat hen mat dër Wichtigkeet van enger gudd funktionnéirender Schoulkommissioun, fir dono iwert dën aktuelle Stand vam Bildungshausprojet ze schwätzen, är heen seng Riädd mat dëm Projet "Buslinnen", den d'Gemeng an Zukunft viraan nei Erausforderungen stellt, clôturéiërt hat.

No dër ordentlicher Generalversammlung stung dunn na eng Präsentation vam Ben Schreiner um Programm, wou heen den Elteren d’Software-Aawendungen  IAM-Login, Microsoft 365, Teams, Onedrive,… virgestalt hat, déi an dër Schoul agesatt giän. An dësem Kontext hat de Patrick Dichter ee klengen Abléck an déi schoulintern Homepage giän, är d'Véronique Schmitz na Léiërplattformen, déi vam Ministère zur Verfügung gestalt giän, virgestalt hat.

Déi Eltren, déi nët en présentiel konnten aan dër Versammlung Deel huällen, haaten noom groussen Succès vam lesten Joor d'Méiglichkeet  sich iwwer Zoom bäizeschalten.

Insgesamt wooren 34 Intressenten dëser Invitatioun nokomm.

Aafschléissend hat dë Laurent Winkin na eng Kéiër allen "reelen" a "virtuellen" Teilnehmer aan dër Generalversammlung Merci gesoot, är dën Owend mat engem Patt aafgeschloss gouf.