News

25.5.2020: Reprise van dër Schoul
2020-06-08Hockt wor also déi ominéis "Reprise" van eiser Schoul, iwer déi am Virfeld vill geschwatt, geschriwen, geplangt a gebangt gouf.
Dank enger gudder Organisatioun va Säiten van eisem Comité a van dër Gemeng ass dë Moiën ewer alles wéi am Schnürche geloof.
Sëcherlich woor jidferen bëssen opgeregt an d'Masken an d'Distanzanhaalen hat bestëmmt o nët zu enger ganz entspannter Atmoshär bäigedroo, an dach hat dunn alles säi normale Wee geholt an d'Kanner wéi d'Léiërpersonal woore frou, dat ët endlich rëm konnt lass goën ouni Teams, Whatsapp, Léiervideoën, Enveloppen verschécken, ...
O d'Gemengeresponsabel wooren dë Moiën um Rendez-vous fir sich zë vergewësseren, dat alles ging gudd loofen, a géint halwer 9, wéi all d'Kanner sich an dë Klassen installéiërt an d'Fanger fir d'ischte Kéiër grëndlich gewäsch haaten, konnt ët dunn mam méi oder manner "normalen" Schoulbetrieb lass goën.
Fir eech ee klengen Abléck an dën Aafloof vam dach ongewiännte Schoustart ze giän, hei da paar Photoën.
» Galerie

Back@school
2020-05-21Léif Schülerin,
Léiwe Schüler,
Momentan gesäis du deng best Frënn, Klassen-a Schoulkollegen nik. Dofir hu mir eis
geduecht, dass dir eech a Form vun engem Steen alleguerten nees an der Schoul méi no
komme kënnt.
Dër sët zwar na nët an dër Schoul aakomm, mee mëttlerweil sën är Steng well zu Wëntger am Haff geland, dank dëm Edy Weber an dëm Laurent Winkin, déi së am Haff auserneelgelaacht han, nodems d'Gemengenaarbichter d'Steng an dër ganzer Gemeng agesammelt haaten.
Op dë Photoën an dër Galerie kann dër d'Resultat bewonneren.
Chers élèves,
Actuellement, tu ne vois pas tes meilleurs amis et camarades de classe. Nous avons donc
pensé de vous rassembler à l’école sous forme de pierres.
Vous, chers enfants, vous n'êtes pas encore arrivés à l'école de Wincrange, mais vos pierres le sont déjà, grâce aux ouvriers communaux qui les ont ramassés près des églises et grâce à Edy Weber et à Laurent Winkin, qui les ont déposés dans la cour de l'école.
Dans la galerie en annexe vous pouvez admirer le résultat!

Zréck an d'Schoul de 25. Mee 2020 / Retour à l'école le 25 mai 2020_Situation à Wincrange
2020-05-19An dë folgenden Dokumenter fand Dër all Infoën zur Reprise van dë Courën an dëm Accueil, dëst speziell a Bezug op eis Schoul- a Betreiungssituatioun zu Wëntger.
Dans les documents en annexe vous trouvez toutes les informations relatives à la reprise des cours et de l'accueil pour la situation comme elle se présente à Wincrange.

Zréck an d'Schoul de 25. Mee 2020 / Retour à l'école le 25 mai 2020
2020-05-15Verschidden Dépliants a Brochüren erklären d'Modalitéiten van dër Reprise fir d'Eltren an hir Kanner:
Zwee Clipen adresséiren sëch direkt aan d'Kanner:
Plusieurs dépliants et brochures expliquent les modalités de la reprise et les gestes barrières à respecter par tous :
Deux clips animés s'adressent directement aux enfants :

Léif Gréiss fir d'Kanner aus der crèche
2020-05-13Chers parents,
Veuillez trouver ci-joint un message de la part des éducatrices pour les enfants de la crèche.
Nous nous réjouissons de vous retrouver à partir du 25 mai 2020!

