News

Fakten a wëssenschaftlich Erkenntnisser zum COVID 19
2020-06-30Fakten zu Lëtzebuerg
Eis Erfarunge mam Virus
- Keen Enseignant oder Educateur huet sech bis haut mam Covid19 an der Schoul oder Maison Relais zu Lëtzebuerg infizéiert.
- Et gëtt just een eenzege Fall bei Schüler wou eng Infektioun an der Schoul net kann ausgeschloss ginn. Bei am Ganze méi wéi 100.000 Schüler am Enseignement Fondamental a Secondaire.
- Schüler an Enseignanten déi positiv waren, hunn sech an der Reegel ausserhalb vun der Schoul ugestach, an hunn an der Schoul keng weider Persoun ugestach.
- Kanner a Jugendlecher ginn an der Reegel vun Erwuessenen ugestach.
- D’Schoul ass keng Plaz, iwwer déi de Virus sech innerhalb vun der Gesellschaft staark verbreet.
D’Zuelen
- Vun de Persounen, déi zanter dem Ufank vun der Kris hospitaliséiert gi sinn, maachen d’Kanner a Jugendlecher vun 0 bis 19 Joer manner wéi 2% aus.
- Jugendlecher tëscht 15 an 19 Joer maachen nëmmen 2% vun den aktiven Infektiounen aus. Déi 20 bis 24jähreg maache schonn 12% vun den aktiven Infektiounen aus.
An awer, ee strengt Sécherheetskonzept
- All Woch kann sech 1/5 vun all de Schüler an Enseignanten am Kader vum “Large Scale Testing” teste loossen.
- Bäibehale vu Social Distancing: Fest Gruppen, versate Pausen, Hygiènesreegelen, Mondschutz, Fluxen an de Gebaier, Kantinne bleiwen zou.
- Bei engem positive Fall féiert d’Santé individuell Gespréicher am Kader vum “Tracing”. Déi Persounen, déi an engem enke Kontakt mat dem Infizéierte waren, ginn a Quarantän gesat a getest. All aner Persoune kënne weiderhin an d’Schoul oder op d’Aarbecht goen.

Nees zesummen an d'Klass | Reconstitution des groupes classe
2020-06-21
|
|

Méi Fräiheete fir eis Kanner! Nei Reegele fir d'Spillen dobaussen an am Schoulhaff, Réouverture vun de Spillplazen a vun de Vakanzaktivitéiten
2020-06-10Kand sinn heescht fräi sinn. De Kanner hir Fräiheet ass an de leschte Wochen uerg strapazéiert ginn an si hunn op villes misse verzichten. D'Evolutioun vun der Pandemie zu Lëtzebuerg erlaabt et, de Kanner an de Jonken nees eppes zeréckzeginn.
D'Spillplazen dobausse gi virum Weekend nees op. Fir d'Kanner ënner 13 Joer gëlle keng weider Virschrëften, si brauchen also kee Mondschutz an si musse keng Distanzreegele respektéieren. Dëst erlaabt richtegt Spillen, sou wéi d'Kanner et eigentlech gewinnt sinn.

Kachbuch vum verdreemte Chef / Livre de cuisine du "verdreemte Chef"
2020-06-09Moien, ech sinn de “verdreemte Kach” aus der “Villa Reebou” vum Cycle 1.2 zu Wëntger.
Während dem “Confinement” war et net ëmmer cool ouni Kollegen.
Dofir hunn ech mat menger Mamma a Pappa e Kachbuch gemaach fir d´Rezepter vun de gudde Saachen och anerer ze ginn.
De ganze Gewënn vum Verkaf vum Kachbuch gëtt un d’Associatioun «Le Soleil dans la main» gespent fir do de Kanner ze hëllefen.
Kachbuch vun 52 Säiten mat ville leckere Rezepter
vum Aron Marbes, 5 Joer.

25.5.2020: Reprise van dër Schoul
2020-06-08Hockt wor also déi ominéis "Reprise" van eiser Schoul, iwer déi am Virfeld vill geschwatt, geschriwen, geplangt a gebangt gouf.
Dank enger gudder Organisatioun va Säiten van eisem Comité a van dër Gemeng ass dë Moiën ewer alles wéi am Schnürche geloof.
Sëcherlich woor jidferen bëssen opgeregt an d'Masken an d'Distanzanhaalen hat bestëmmt o nët zu enger ganz entspannter Atmoshär bäigedroo, an dach hat dunn alles säi normale Wee geholt an d'Kanner wéi d'Léiërpersonal woore frou, dat ët endlich rëm konnt lass goën ouni Teams, Whatsapp, Léiervideoën, Enveloppen verschécken, ...
O d'Gemengeresponsabel wooren dë Moiën um Rendez-vous fir sich zë vergewësseren, dat alles ging gudd loofen, a géint halwer 9, wéi all d'Kanner sich an dë Klassen installéiërt an d'Fanger fir d'ischte Kéiër grëndlich gewäsch haaten, konnt ët dunn mam méi oder manner "normalen" Schoulbetrieb lass goën.
Fir eech ee klengen Abléck an dën Aafloof vam dach ongewiännte Schoustart ze giän, hei da paar Photoën.
» Galerie