Chrëschtfeier bei de Kiemelkiddies 20222022-12-23No 2 Joer wou eis Krëschtfeier leider net konnt stattfannen war et dëst Joer rëm sou wäit: Den 19ten Dezember vun 16-19h hun mir d’Kanner an d’Elteren rem bei eis dierfen begréissen. Eis Équipen hunn e flott Angebot vun Atelieren fir Kléng an Grouss preparéiert. An der Entrée vun der Crèche gouf et een Eck wou virun allem déi kléng Kanner krauchen, klammen an spillen konnten. Am Précoce konnt een saïn Gesang beim SINGSTAR weisen an och wat een alles beim FIFA sou kann. Am Cycle 2 hun eis Kënschtler d’Kanner flott geschminkt. Et war alles dobäi, vun leiwen Prinzessinnen bis bei den wëllen Tiger. Den Gank vum Précoce an Cycle2 war wéi an der regulären Maison Relais Zäit fir d’Fräispill do. An den Raim vum Cycle 1 konnt een och flott Saachen man. Et gouf een Bastelateliers fir alles wat Chrëschtdag ugeet, vun Kaarten bis Chrëschtbamdekoratioun. Am Restaurant vum Cycle 1 konnt een sech lecker Butterkeks Haisercher bauen an flott dekoréieren mat Hariboen, Smarties an Streiselen an allen Formen an Faarwen. Ausserdeem gouf hei och un een méi rouegen Eck geduecht, wou d’ Kanner interaktiv Geschichten konnten erliewen. Natierlech hunn mir och un d’ kulinaresch Wuel geduecht. Sou gouf et am Hall Wafelen, Gulaschzopp an eng Crème Andalouse, Schokola, selwer gemeeten Glühwäin vun eisem Kach, Kaffi, Glühjus an Softdrinks. Et sinn ëm déi 180 Leit eiser Invitatioun nokomm an mir hoffen am nächsten Joer nees sou ee schéinen Owend mat Iech verbréngen ze kënnen! » Galerie |