News

Schoulcharta van der "Schoul um Kiemel" zu Wëntger
2010-08-17Na kurz viraan der grousser Vakanz haat eise Schoulchartagrupp, den sich zesaamengesatt hat aus Mëmbren vam Léierpersonal a Mëmbren aus dem Eltrecomité, déi van hinnen ausgeschafften Charta an Zesaamenaarbicht mat de Kanner op eng flott a liäwig Art a Weis um Schoulfest virgestalt. (Fotoën dozou fand der na ënner eiser News zum Schoulfest)
Fir de Schoulaafank ass d'Charta lo mat dër finanzieller Ënnertsëtzung van eiser Gemeng op Pabeiër gedréckt an all Kand wärt së am Verloof van deenen ischte Schoulwoche mat heem bei seng Eltre brengen.
Wen ewer lo well bësse furwëtzig op daat neit Dokument ass, daat d'Zesaamenaarbicht tëscht Léiërpersonal, Kanner an Eltren méi kloor ëmräisst, de sollt mool daat folgend PDF-Dokument opmaën.
Vill Spaass beim BLEEDEREN!


Aafschlosseessen 2010 vam Léierpersonal
2010-07-19Gelegentlich van esiem Aafschlosseessen, den 15. Juli 2010, bei dem mër o eis Gemengepäpp begréisse konnten,
hat eis Präsidentin dër ganzer Beleegschaft Merci gesoot fir den Engagement, den sie d'ganzt Joër iwer braacht hat, engt Joër daat durch dee neië gesetzliche Rahmen sou munnich Rausforderung an zousätzlichen Engagement van alle Bedeeligten verlangt hat.
Ee besonnische Merci gung an d'Kolleg/Innen Mariannne Hosmar, Francis Stemper an Pol Hermes, déi eis "Schoul um Kiemel" aus ënnerschiddliche Motivatiounen leider verlosse wärten.
Hinnen op hirem neië Wee van dëser Platz aus all Guddes an eech all eng schéi Vakanz!


Schoulfest 2010
2010-07-17Wen intresséiërt ass ee kurzen Abléck an d'Aktivitéiten vam Schoulfest 2010 zë kreiën, wou niäwent dër Kannermass an den alljährlichen Aktivitéiten ganz speziell d'Presentatioun van eiser Schoulcharta am Mëttelpunkt stung, dee kann dee folgende Link opmaën.
Vill Spaass beim Kucken!

Neues aus der Maison relais asbl
2010-06-09In der Maison relais asbl gibt es einige Neuigkeiten, was das kommende Schuljahr 2010-2011 betrifft.
Die Betreuungsstrukturen/Öffnungszeiten werden erweitert und nun wird auch eine „Maison Relais pour enfants non-scolarisés“ angeboten.
Nähere Info’s diesbezüglich kann man bekommen gelegentlich eines Informationsabends am Montag, den 14.06 um 20h im Centre-Culturel.