D'Schoul um Kiemel spend 1500 € fir dë Foyer Eislécker Heem2014-03-12Am Kader van engem Austausch tëschent dëm „Foyer Eislécker Heem“ va Lëlljën an dër „Schoul um Kiemel“ va Wëntger haaten verschidden Schoulklassen dë Groupe de Vie am Eislécker Heem beséicht, fir mat dë Bëhënnerten aus dësem Groupe gemeinsam Bastelaktivitéiten ze maën. Déi gebastelt Saachen goufen zesaame mat annere Bastelaarbichten, déi an dër Schoul entstann sën, um Bazar vam Eislécker Heem verkooft a raus koum een Erléis van 1.500 Euro. Dëse Betrag han d’Kanner aus dër Schoul deene Behënnerten aus dëm „Foyer Eislécker Heem“ bei sonnigem Wiädder den 12. März 2014 am Amphi viraan dër Wëntger Schoul iwerreecht. Dë Chargé de direction aus dëm Eislécker Heem, de Romain Scholtes, soot de Kanner Merci fir hiren Engagement an hat erklärt, dat déi gespent Suën mat an dë Projet „Parc Sënnesräich“ wärten afléissen, wou niäwent neiën Ateliers protégés o na ee Parc sensoriel mat Airtramp gebaut gët, ee Projet deen 2015 soll zum Aafschloss kommen. Waat dën Austausch tëscht Schoul um Kiemel an Eislécker Heem aageet, freet dën Romain Scholtes sich o an Zukunft op eng flott Zesaamenaarbicht tëscht Behënnert an dë Kanner aus dër Schoul, een Austausch wou déi zwou Säiten wichtig Erfahrungen fir d’Zesaamenliäwen kanne maën. |