Theateropféirungen viraan dër Chrëstvakanz2013-12-30Kuurz viraan dër Chrëstvakanz hat d'Klass 3.1.C eng liicht verännert Versioun vam Klassiker "Le petit lion" aus dëm Franséische Bouch opgefouert. Photoën dozou fand Dër am Link hei drënner. Am Kader van dër Kannermass hat d'Sandy Schmit dëst Joor mat dë Kanner d'Krëppespill "D'Krëppchen erzielt" astudéiërt. Photoën aus dër Generalprouw an dër Schoul an aus dër Kannermass fand Dër o hei drënner. Demnächst wärt Dër o na d'Texter zu deenen zwee Evenementer ënnert eisem WIKI "Theater" fannen. Lo mool vill Spaass mat dë Photoën an Eech all wënsche mër ee gudde Rutsch an daat neit Joor 2014, an dem sich hoffentlich all Är Wënsch ërfëllen. |