Donneschdeg, 12. Februar 2026

Home

News


21.11.2014: Generalversammlung van dër Eltrevereenigung / Assemblée générale de l'association des parents d'élèves

2014-11-06

Den 21. November lied d'Eltrevereenigung  an op hir 24. Generalversammlung, déi dëst Joor um 20.00 Auër zu Dienjën am Sall aafgehaal gët.

Am folgende PDF fand Dër déi néidig Déteiler:

Le 21 novembre à 20.00 heures l'association des parents d'élèves de l'école fondamentale de Wincrange tient son assemblée générale dans la salle à Doennange. Pour de plus amples informations veuillez ouvrir le lien ci-dessous.






Mat Kanner philosophéieren

2014-11-05

An dësem Webbook beschreiwen d'Kanner folgend Themen aus hirrer Siicht: Famill; Alter; Liäwwen an Doud.
Dir fannt di Produktiounen ënnert dësem Link
: Mat Kanner philosophéieren - Morale am Cycle 3





PRS-Aktionen im Monat September

2014-11-03

Wer sich für die Entwicklung unserer Schule seit 2009 interessiert, dem Jahr also in dem das neue Schulgesetz in Kraft trat und die Ausarbeitung und Umsetzung von Schulentwicklungsplänen (PRS) erforderlich machte, der kann auf dieser Seite verfolgen welche Richtung  unsere Schule seitdem eingeschlagen hat.



Schoulbuet fir d'Rentrée 2014-2015

2014-09-01

D'Rentrée 2014-2015 wärt fir äis all eng speziell a ganz sëcher eng ganz emotional giän.
D'Tatsaach, dat dë Camille nët méi wärt mat derbäi sën wann ët heescht: "Mër fänken engt neit Schouljoor aan", ass schwéiër ze bagräifen an dach ass ët sou.

Villes van dem waat Dër an eisem neië Schoulbuet fir d' Rentrée 2014-2015 kannt noliäsen dréit  na mat dëm Camille seng Handschrëft oder ass als Iddi mat op senger Mëst gewaas.

Hat Dër also Froën organisatorischer Natur, dann bleedert lo well online durch eise Schoulbuet oder waart op d'Print-Versioun, déi Dër an deene nächsten Deeg an Ärem Courrier wärt fannen.

Bis dohënner wënsche mër Eech na paar schéin an erhoslam Vakanzdeeg.



Mër trauren ëm de CAMILLE AREND, Schoulmeester, Aarbichtskolleg a Frënd

2014-07-29

De 24. Juli 2014 ha mër déi traurig Nooriicht kriit, dat dë Camille Arend, aktiven Comitésmëmber an engagéiërte Schoulmeester aus dër Schoul um Kiemel, bei engem tragischen Fliegeraccident um Wee va Ouagadougou op Algers zesammen mat 117 annere Passagéier ëm d'Liäwe koum. Ënnert dën Affer vam Fliegeraccident woor niäwent dëm Camille na d'Noémie Siebenaller va Beesléck, dat o fir de "Soleil dans la main" aktiv woor.

De Camille woor a senger Fonktioun als Präsident vam "Soleil dans la main" am Burkina Faso ënnerwee, fir hei zesaame mat senge Kollegen aus dër ONG Projets'ën ze suivéiren, déi hir Organisatioun an deene vergangene Jooren initiéiert haat. Um Wee fir heem ass säi Flieger iwert dëm Mali raafgefall an ët sollt keen van dën Insassen d'Ongléck iwerliäwen.

De Camille wärt äis all feelen a senger Fonktioun als Schoulmeester, als Mataarbichter an nët zulest als gudde Frënd. Mër han hee kannt als engagéiërte Schoulmeester a Comitésmëmber, deen ëmmer gudd Iddiën haat fir eis Schoul no viir ze brengen. Durch seng Frounatur, seng Spontanéitéit a säin Intresse aa senge Matmënschen hat heen ëmmer Liäwen a sengt Ëmfeld braacht an hat sou munniche Steen fir d'Entwécklung van eiser Schoul aan d'Rulle braacht.

Dëm Anne, senger Frau, a senger ganzer Famill drécke mër eist oprichtigt Bäileed aus a mër wënschen hinnen déi néidig Kraaft, déi sie na brauche wärten, fir déi kommend schwéiër Zäiten ouni de Camille aan hirer Säit duurchzestoën.

Fir dëm Camille ze gedenken woor gelegentlich vam "24 Stonne Velo Wëntger" eng Marche de la solidarité organiséiërt giän, aan där ganz vill van dë Camille senge Frënn a Bekannten Deel geholt han.

Am folgende Link fand dër déi passend Photoën zu dëser Marche, déi äis frëndlicherweis vam Ben Pfeiffer zur Verfügung gestalt goufen.






Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot