News

StopMotion Video (Updated)
2014-07-17Wen ee Filmchen a Stop-motion-Technik wëllt gesin, den an dër Classe d'intégration entstann ass, dee kann op de Link hei ënnen drënner klicken, a scho leeft de Filmchen aan!
Updated: Elo mat engem zweete Video!

Dës Kanner verlossen dëst Joor eis Schoul
2014-07-15Zum Aafschloss vam Schouljoër 2013-2014 liwre mër Eech hei na d'Photoën van dë Kanner, déi dëst Joor eis Schoul um Kiemel verlossen.
Mër wënschen hinnen vill Gléck op "d'Rees" an hir nei Schoul.

Storyboard Feuerwehr van dëm Team 2.B
2014-06-05We méi iwert d'Pomjee'ë wëllt wossen, de kann d'Storyboard vam Team 2.B hei opmaën a ralauschtren waat d'Kanner ze erziälle wossen no hirem Besuch bei dë Wëntger Pompjee'ën. Fir dën toun ze héiren brauch dër nëmmen op de Micro ze klicken, den sich am Bild befënd! A schon héiërt dër vill Neiës iwert d'Pompjee'ën.
Vill Spaass

Ee neië Schoulhaff fir d'Spillschoul
2014-06-04Säit dem leste Joor läit de Plang fir dee neië Schoulhaff van dër Spillschoul fir. Ee Samsdig, den 31. Mee woor ët du sou wäit. De Responsablen vam Projet, dën Helmut Hahn van dër Holunderschule, hat seng fräiwëllig Mataarbichter agewisen, an dunn gung ët lass um Chantier bei dër Spillschoul. Grouss a Kleng ha mat Hand aagelaacht fir d'Pläng, déi dër eech an de folgende PDF kannt aakucken, an d'Doot ëmzesetzen.
Mëttlerweil steet well ee gudden Deel van dën Elementer, déi um Plang agezeechent sën, an ee Samsdig, den 7.Juni soll daat Ganzt da finanliséiërt giän.
Photoën van dën Handwiärker an dër Spillplatz gët ët demnächst op dëser Säit ze kucken.
Bis soss also hei um Rendez-vous!
» Galerie
Schoulsportdaag 2014
2014-06-02Infoën zum dësjährige Schoulsportdaag fand Dër um Link hei drënner.
An deene kommenden Deeg gët dës Säit dann o na mat passende Photoën zu den Aktivitéiten van deenen eenzelnen Cyclen aktualiséiërt!
Kuckt also bei Gelegenheet rëm eng Kéiër ran.

