Soirée française2015-06-20Mat engem rasanten, informativen a flotte Programm zum Thema Frankräich han d'Kanner aus dëm Cycle 4.2. gewosst hir Eltren, Bekannten a Frënn ze begeestren, sou dat déi gudd Stëmmung, déi d'Kanner verbreet han, ganz séiër op dee ganze Publikum am Sall iwergeschwappt ass, waat mat sich brengt, dat dës Soirée engt Evenement ass waat ganz sëcher na ganz lang an de Kanner, mee o an dën Erwaassenen hire Käpp wärt seng Andréck hannerlossen. Déi ganz Aarbicht, déi hannert där ganzer Aktioun stouch, ass kengem Mënsch opgefall, well alles sou sprëtzig a selbstverständlich iwert d'Bühn gung, a soumat woor ee flotten Owend vill ze séiër riwer. Mam Erléis aus dësem Owend han d'Kanner aus dëm Cycle 4.2. sich hiren Openthalt zu Paräis, den lo geschwënn an d'Haus steet zurecht verdingt! Andréck an Emotiounen zum Owend fand dër an deene folgende Biller rëm. Vill Spaass beim Kucken: |