Donneschdeg, 12. Februar 2026

Home

News


Photoën aus dër Schivakanz

2014-12-16

Well d'Internetleitung am Ahrntal nët séiër genou ass, kreiën eis Schiassen d'Photoën leider nët direkt op eis Homepage ropgelaaden.

Wann dër trotzdem wëllt gesin waat sur Place lass ass, da klickt just op dee folgende Link a scho gesit Dër am Bild waat am Ahrntal leeft. D'Photoën giän regelméissig à jour gesatt. Vill Spaass beim Kucken:

A Punkto Tagebuch probéire mër eech o schrëftlich an d'Bild ze setzen.
Fir an eisem Tagebuch ze liäsen braucht dër nëmmen op dëse Link ze klicken:
Ausfluege





Modern Künstler, nei interpretéiert

2014-12-15

D'Schüler van der Klass 3.1.B hann am Lof vam ischten Trimester verschidden Biller va 7 moderne Künstler op hir Manéier nogemolt; d'Resultat fannt der a folgendem Storyboard,
vill Spaass beim Kucken!
Hei dën direkte Link dohënner:
Modern Künstler, nei interpretéiert




Schivakanz am Ahrntal

2014-12-11

Wann dër dëse Link opmaat, kommt dër an eise WIKI, wou dër Infoën iwert eis Schivakanz am Ahrntal fand.
Ausfluege






Kinder aus aller Welt

2014-12-08

Zur Ausstellung "Kinder aus aller Welt", die von "Plan Luxemburg" in den Gängen vor dem Kulturzentrum aufgestellt worden war,  und die unter anderem von einigen Klassen aus unserer Schule besichtigt wurde, ist in der Klasse 3.2. C folgendes Webbook entstanden.
Ausstellung: Kinder aus aller Welt

Viel Spaß beim Reinschauen und Blättern durch das Webbook.

Mehr Infos zu Plan Luxemburg gibt's im untenstehenden Link.



Generalversammlung van dër Eltrevereenigung, den 21. November 2014 /Assemblée générale de l'association des parents d'élèves

2014-11-25

Den 21. November haat d'Eltrevereenigung van dër Schoul um Kiemel op hir 24. Generalversammlung zu Diennjën invitéiërt.
Um Programm stungen folgend Punkten:
- Begréissung durch d'Presidentin
-   Rapport von den Aktivitéiten
-   Rapport von der Keess
-   Rapport von de Keesserevisoren
-   Erneierung vom Comité
-   Fräi Aussproch
-   Ried vom Buergermeeschter
-   Iwwerreechung von engem Cheque un "Soleil dans la Main"


Leider wooren nëmmen wéinig Eltren dër Invitatioun van dër EV gefolligt, waat Schaad ass, ass dach gewosst, dat d'EV na ëmmer eng ganz Reih van paraschoulischen Aktivitéiten van eise Kanner organiséiërt a mat encadréiërt.

Nodems dë normalen Programm Revue passéire geloss giä woor han déi Responsabel van der EV dëm Soleil dans la main na ee Scheck van 1000 € zoukomme geloss. D'Vertreter vam "Soleil" han dër EV Villmools Merci gesoot fir dëse schéine Geste an han dunn an engem Film gewisen zu wéi engem Zweck déi gespend Suën wärten am Burkina Faso agesatt giän.

Zum Schluss hat d'Elterevereenigung na op e Patt an een klenge Maufel invitéiërt.

 






Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot