Freideg, 2. Mee 2025

Generalversammlung van der Eltrevereenigung, den 23.10. 2015

2015-10-26

Den 23.10. 2015 haat d'Eltrevereenigung van der Schoul Um Kiemel Wëntger op hir alljährlich Generalversammlung an de Centre culturel op Wëntger invitéiërt.

Niäwent dëm Aktivitéitsbericht, virgedroo duurch d'Madame Spaus-Deckenbrunnen Sandy an dëm Keesebericht, présentéiërt vam Här Schmitz Claude, gouf dëst Joor dee langjährige Mëmber, d'Madame Thill Marianne no 10 Joor Mitgliedschaft an 2 Joor Präsidentschaft aus dëm Comité verabschied.

Dono hat d'Madame Spaus sich erfreet gewisen iwer déi Eltren, déi dëst Joor aageffroot haaten fir kannen Mëmber am Comité ze giän.
Et handelt sich hei ëm Kohnen- Wiltgen Carole, Schickes-Schruppen Sonja, Weber Edy a Winkin Laurent.
Dë Comité van der EV setzt sich domat an alphabetischer Reihenfolg wéi folgt zesaamen: Bové Serge, Conter-Schammel Nicole, Diederich - Humartus Aloysia, Kohnen-Wiltgen Carole, Milbert Aline, Schaack-Schmit Patrice, Scheer Luc, Schickes-Schruppen Sonja, Schinker Mike, Schmitz Claude, Spaus-Deckenbrunnen Sandra, Weber Edy an Winkin Laurent.
Nei Präsidentin ass Spaus-Deckenbrunnen Sandra, Secretaire ass Milbert Aline an Caissier ass Schmitz Claude.

Aus dëm Comité van dër Eltrevereenigung han sich dann o dën Schinker Mike, d'Spaus -Deckenbrunnen Sandra an den Weber Edy an dën Eltrecomité van dër Schoul um Kiemel Wëntger gemelt.

Dë Schäffen Carlo Weber hat der EV Merci gesoot fir hiren Asatz am Intresse van eise Kanner am Verloof vam leste Schouljoor an hat der EV dann o déi néidisch Ënnerstëtzung va Säiten van der Gemeng fir aastehend Projets'ën zougesoot.

No dem offiziellen Deel hat d'EV dann an op ee Patt an ee klengen Häppchen invitéiërt.