News
D'Schoul um Kiemel spend 1500 € fir dë Foyer Eislécker Heem
2014-03-12Am Kader van engem Austausch tëschent dëm „Foyer Eislécker Heem“ va Lëlljën an dër „Schoul um Kiemel“ va Wëntger haaten verschidden Schoulklassen dë Groupe de Vie am Eislécker Heem beséicht, fir mat dë Bëhënnerten aus dësem Groupe gemeinsam Bastelaktivitéiten ze maën. Déi gebastelt Saachen goufen zesaame mat annere Bastelaarbichten, déi an dër Schoul entstann sën, um Bazar vam Eislécker Heem verkooft a raus koum een Erléis van 1.500 Euro. Dëse Betrag han d’Kanner aus dër Schoul deene Behënnerten aus dëm „Foyer Eislécker Heem“ bei sonnigem Wiädder den 12. März 2014 am Amphi viraan dër Wëntger Schoul iwerreecht.
Dë Chargé de direction aus dëm Eislécker Heem, de Romain Scholtes, soot de Kanner Merci fir hiren Engagement an hat erklärt, dat déi gespent Suën mat an dë Projet „Parc Sënnesräich“ wärten afléissen, wou niäwent neiën Ateliers protégés o na ee Parc sensoriel mat Airtramp gebaut gët, ee Projet deen 2015 soll zum Aafschloss kommen.
Waat dën Austausch tëscht Schoul um Kiemel an Eislécker Heem aageet, freet dën Romain Scholtes sich o an Zukunft op eng flott Zesaamenaarbicht tëscht Behënnert an dë Kanner aus dër Schoul, een Austausch wou déi zwou Säiten wichtig Erfahrungen fir d’Zesaamenliäwen kanne maën.

Den Cycle 3 préparéiert gesond Moiesiessen
2014-03-05Den Cycle 3 préparéiert gesond Moiesiessen
Am Kader vum Eveil aux Sciences – Cours hun all d’Klassen vum Cycle 3 séch eppes zum Thema « Gesond Moiesiessen » afaalen geloss. Mat der Hellef vun jidderengem hun d’Kanner aus einfachen Rezepter puer ganz lecker Saachen gezaubert. Déi verschidden Rezepter kann een liicht an séier nomaachen, sin gesond an schmaachen zoudem och nach extra gudd !
Déi verschidden Klassen stellen am folgenden PDF hier verschidden Rezepter fiir, déi dir doheem gäer nomaachen an ausprobéieren kënnt !

Dani Gales op Besuch mat sengem Bouch "Kolja a Galina"
2014-03-04Viraa kurzem haat d'Dani Gales eise Cycle 2 beséicht fir de Kanner aus dësem Graad sengt Bouch "Kolja a Galina" op eng ganz liäwig an interaktiv Art a Weis virzestellen.
Dat d'Kanner Spaass bei dëser Virstellung haaten beweisen déi folgend Photoën. An dat d'Bouch Kolja a Galina de Kanner gudd gefallen hat beweist d'Taatsaach, dat d'Béicher, déi eis Bibliothekarin Sandra äis op dësem Noomëttich fir d'Schoul kooft hat, mëttlerweil ëmmer all op dër Léin sën.
Enner dëm Link ënnendrënner kann dër dann o kucken a lauschtren, waat Kanner aus dëm Cycle 2 an hirëm Webbouch aus dëm Dani Gales senger Geschicht gemaat han.
Theateropféirungen viraan dër Chrëstvakanz
2013-12-30Kuurz viraan dër Chrëstvakanz hat d'Klass 3.1.C eng liicht verännert Versioun vam Klassiker "Le petit lion" aus dëm Franséische Bouch opgefouert.
Photoën dozou fand Dër am Link hei drënner.
Am Kader van dër Kannermass hat d'Sandy Schmit dëst Joor mat dë Kanner d'Krëppespill "D'Krëppchen erzielt" astudéiërt.
Photoën aus dër Generalprouw an dër Schoul an aus dër Kannermass fand Dër o hei drënner.
Demnächst wärt Dër o na d'Texter zu deenen zwee Evenementer ënnert eisem WIKI "Theater" fannen.
Lo mool vill Spaass mat dë Photoën an Eech all wënsche mër ee gudde Rutsch an daat neit Joor 2014, an dem sich hoffentlich all Är Wënsch ërfëllen.

Heemrees aus dëm Wantersport
2013-12-19Mër sën na voll am Schiféiwer, an dach musse mër äis sou luäs van dë Biärger an dëm Schnéi verabschieden.
Mër ha geplangt muärre moiën, den 20.12. 2013 um 8.00 Auër hei am Ahrntal fort ze fahren.
D'Heemrees geet rëm iwer Wittlich, wou mër dë Grupp Jugendlicher aus dëm Bus lossen.
D'Fahrt wärt also rëm +/- 13 Stonnen dauren.
Ënnerwee haale mër Eech, léiw Eltren, déi dër do op Quälle sëtzt, um Loofenden wou mër graat am Verkéiër draa sën, an dëst par SMS. Leet är Handyën also nët ze wäit aus dë Féiss! :)