Neies vun der Elterevereenegung

Generalversammlung van der Eltrevereenigung / assemblée générale de l'ELTREVEREENIGUNG
2024-11-07Ee Fregdig, den 7.11.2024 ass déi alljährlich Generalversammlung van dër Eltrevereenigung um 19.30 am Centre culturel zu Wëntger.
Déteiler fand dër am Anhang.
Vendredi, le 7 novembre à 19.30 aura lieu l'assemblée générale de l'Eltrevereenigung, ceci au centre culturel à Wincrange.
Pour plus de détails veuillez consulter les documents en annexe.

SCREEN-Life Balance van eise Kanner / SCREEN-Life balance de nos enfants
2024-09-14Dën Educatiounsministère informéiërt ënnert dëm Link SCREEN-LIFE Balance.
An eisem Schoulbuet fand dër zu dem Thema op S. 87 (cf PDF) o een intressanten Artikel mat dë Linken zu Filmercher, déi Dër o hei drënner fand.
Le ministère de l'éducation nationale informe sous le lien SCREEN-LIFE Balance.
A la page 87 de notre Schoulbuet (cf PDF) vous trouverez également des informations intéressantes dans ce contexte. Vous y trouverez également des liens vers les vidéos en annexe.

Grousst Summerfest
2024-07-11Muärren ass ët endlich souwäit. Eist grousst Summerfest geht iwert d'Bühn. Hockt ha Grouss a Kleng well fläissig geübt. Am Anhang ee klengen Appetizer van dem waat eech muärren erwart!
» Galerie

!! Schlëssel fonnt !!
2024-05-24Mir hunn een Schlëssel op dem Schoulhaff fonnt. Dir kënnt den gäeren an der Maison Relais siche kommen.
On a trouvé une clé dans la cour de l'école. Il peut être récupéré à la Maison Relais.

Save the date "Summerfest"
2024-04-24An dër Galerie hei drënner fand Dër well den ischte "Save the date" fir eist Summerfest, dat dëst Joor ënner dëm Motto "Zesummen op dër Kiemelbaustell" steet, an den 12. Juli iwert d'Bühn geet.
» Galerie

Dëm Ousterheeschen een décke MERCI
2024-03-30An Zesaamenaarbicht mat dër Eltrevereenigung hat dën Ousterheeschen d'Kanner aus dër Wëntger Schoul mat engem traditionellen hart gekachten Ee an engem Schoklaasousterheeschen verwiännt.
An sëch woor daat Ganzt ewer an eng Oustereierséich agepackt. Um Site van dër Spillplatz van dër Spillschoul haat dën Ousterheeschen fir all Kand engt hart gekacht a gefiärëwt Ee verstoppt. Noom gemeinsamen Léisen van engem Rätsel hat all Klass sich dann o na ee Schoklaasousterheeschen pro Kand verdingt.
Dëm Ousterheeschen an dër Eltrevereenigung soë mër am Naam van alle Kanner Merci fir dës originell Oustereiërséich.
An dër Galerie hei drënner krëtt dër dann ee klengen Abléck an dën Aafloof van dësem lesten Schouldaag viraan dër Oustervakanz.
Dëm Ousterhaas an allen Kanner wënsche mër da lo eng erholsam Vakanz!
» Galerie
Generalversammlung van dër Eltrevereenigung
2023-11-25D'Eltrevereenigung haat hir Generalversammlung ee Mëttwoch, den 22.11.2023 am Versammlungsraum iwert dëm Centre Culturel aafgehaal.
De Mike Schinker, a senger Fonktioun als amtéirende Präsident, woor frou eng ganz Reih intresséiërt Eltren, Vertreter vam Léiërpersonal, van dër Gemeng a van dër Maison Relais kannen ze begréissen, är heen d’Wuärt aan d’Nadine Majerus an d'Tania Schmit vam Schoulkomitee iwergiän hat.
Sie han d'Präsidentin vam Schoulkomitee, Danielle Heintz ëntschëlligt, är sie d’Wichtigkeet van dën Eltrevetreter erfirgehuäwen han. Vu, dat d'Josiane Pletsch als Eltrevertreter hirt Amt néiër gelaacht haat, well sie keng Kanner méi an dër Wëntger Schoul hat, gouf an dër Versammlung gefroot op jidefreen d'Accord wir mat dër Bewerbung van Lis Marianne als neiën Eltrevertreter. Niäwent dëm Joëlle Kreins an dëm Edy Weber gouf d'Marianne Lis dunn als neië Représentant vam Eltrecomité van dër Assemblée per Handzeechen gudd geheescht.
D'Sekretärin van dër Eltrevereenigung, Marianne Lis, konnt an hirëm déteilléiërte Rapport op d’Aktivitéiten vam vergangene Joor zréckblécken, wou niäwent Heckeplanzaktioun, Coupe scolaire, Oustereersichaktioun, an, an, an, … d’Summerfest, daat dëst Joor a neiër Lokalitéit ausgedroo giä woor, als Highlight mat guddem Resultat rausgestach hat.
Dono hat dë Caissier, Edy Weber, de Bilan van dër Kees gezuiën, den dëst Joor durch daat guud Schoulfest an de gudd beséichten Faasbaal ganz positiv ausgefall ass. Durch vill nei Investitiounen, mat denen d'Eltrevereenigung sich fir d'Zukunft gudd opgestalt hat, ass d'Kees am Enn ewer 0 von 0 opgangen. Um Spaarkont kann d'Eltrevereenigung ewer 20.000 € verbouchen, sou dat d'Zukunft hei gesëchert ass a na eng Reih Inverstitiounen fir d'Kanner kannen gestämmt giän.
D'Kasserevisoren Albert Koos a Patrick Dichter han dëm Caissier eng tadellos Aarbicht bescheinigt an han d'Versammlung gefroot fir dën Edy Weber durch ee kräftigen Applaus ze entlaasten, waat dann o geschickt ass.
Dë Buergermeester Lucien Meyers hat dë ganz aktive Vertreter van dër Eltrevereenigung am Naam va senge Gemengekollegen Merci gesoot fir hiren Engagement am Sënn vam Kand.
Enner "weider Informatiounen" kann dër hei drënner d'Suite vam Rapport liäsen.
Wen dann na aan dëm déteilléiërte Rapport van dër Generalversammlung, wéi aan dëm Virtrag vam Owend zum Thema "Wéi kann ëch mäi Kand bei dën Hausaufgaben ënnerstëtzen?" den vam Ramona Gales presentéiërt gouf, intresséiërt ass, kann d'PDF'ën hei drënner oproufen.
Generalprouw fir d'Summerfest
2023-07-06Hei well ee klengen Appetizer fir eist Summerfest, daat muärren statt fënd. Bei dër Generalprouw han d'Kanner all hirt Best giän an ët woor ee vollen Erfollig. Wen dat Ganzt wëll live an mat Musik gesin, soll dë Rendez-vous muärren um 15.00 am Amphitheater nët verpassen. Mër free'ën äis op Äre Besuch!
» Galerie