Dënschdeg, 6. Mee 2025

MR News



Schlittschungpist Beefort

2023-02-21

Schlittschungpist Beefort

An der Fuesvakanz, den 15 Februar sinn den Cycle 2 an den Cycle 3+4 zesummen op Beefort Schlittschung fueren gaang. Mir sinn géint 13h30 mam Bus a Richtung Beefort gefuer. Wéi mir ukomm sinn, waren verschiddener vun eis ganz nervös, mee d ‘ Nervositéit huet sech ganz séier rëm geluecht, soubal mir déi éischt puer Schrëtter um Ӓis gemaach haten. Mir hunn ee ganz schéinen Nomëtten zu Beefort verbruecht an zum Schluss ass et och nach gudde waarme Schoki ginn mat Kichelcher J. Ënnerwee vir zréck a Richtung Maison Relais, waren verschiddener vun eis sou midd, dat si schonn am Bus ageschlof waren ;) Iwwerzeegt Iech selwer vun eisem flotten Nomëtten zu Beefort an kuckt d’ Fotoen an der Galerie.

In den Karnevalferien, dem 15. Februar waren der Cycle 2 und der Cycle 3+4 zusammen nach Beaufort Schlittschuh laufen. Wir sind gegen 13h30 mit dem Bus in Richtung Beaufort gefahren. Bei der Ankunft waren verschiedene unter uns ein wenig nervös, doch die Nervosität hat sich schnell gelegt, sobald wir unsere ersten Schritte auf dem Eis zurückgelegt hätten. Wir haben einen sehr schönen Nachmittag in Beaufort verbracht und zum Schluss gab es leckeren heißen Kakao und dazu noch Kekse. J Auf der Rückfahrt nach Wincrange, waren einige von uns so müde, dass sie im Bus eingeschlafen sind. ;) Überzeugt euch selbst von unserem schönen Nachmittag in Beaufort indem ihr euch die Fotos in der Galerie anschaut.

Pendant les vacances de carnaval, le 15 février, le Cycle 2 et le Cycle 3+4 sont allés ensemble à Beaufort à la pationoire. Nous avons pris le bus vers 13h30 en direction de Beaufort. À l'arrivée, plusieurs d'entre nous étaient un peu nerveux, mais la nervosité s'est vite calmée une fois que nous avons fait nos premiers pas sur la glace. Nous avons passé un très bon après-midi à Beaufort et à la fin il y avait un délicieux chocolat chaud et des biscuits.  Sur le chemin du retour à Wincrange, certains d'entre nous étaient si fatigués qu'ils se sont endormis dans le bus. ;) Convainquiez-vous vous-mêmes de notre bel après-midi à Beaufort en regardant les photos dans la galerie.





Experiment Lawaluucht

2023-02-16

Fir deng Lawaluucht ze maan brauchs du: (Foto 1)

- Waasser

- Ueleg

- Liewesmëttelfaarf

- Magnesiumtabletten

  1. Dain Glas oder deng Fläsch bis 1/3 mat Waasser fëllen.
  2. Mat Liewesmëttelfaarf mëschen. (Foto 2)
  3. Dain Glas oder deng Fläsch bis 2/3 mat Ueleg fëllen. (Foto 3) à Hei gesäis du dass d’Waasser an d’Ueleg sech net mateneen mëschen. Dëst leit drunn, dass d’Waasser méi schwéier ass, wéi den Ueleg.
  4. Lo kanns du ½ oder eng ganz Magnesiumtablett an d’Glas maan. (Foto 4) Hei gesäis du lo wei d’Waasser ufänkt ze spruddelen, wéi bei enger Lawaluucht entstinn hei lo Bullen déi sech duerch den Ueleg no uewen bewegen. Wann’s du eng Täscheluucht un d ‘Glas/Fläsch häls gesäis du et nach besser.

Vill Spass mat denger Lawaluucht!

Experiment Lawalampe

Um dir deine eigene Lawalampe herzustellen, benötigst du : (Foto 1)

-Wasser

-Öl

Lebensmittelfarbe

-Magenesiumtabletten

1. Dein Glas oder deine Flasche mit 1/3 Wasser füllen

2. Mit Lebensmittelfarbe mischen (Foto 2)

3. Dein Glas oder deine Flasche bis 2/3 mit Öl füllen. (Foto 3) Nun siehst du, dass sich das Wasser nicht mit dem Öl vermischt. Dies liegt daran, dass das Wasser schwerer ist, als das Öl.

4. Nun kannst du ½ oder eine ganze Magnesiumtablette ins Glas tun. (Foto 4 ) Hier siehst du jetzt, wie das Wasser anfängt mit sprudeln, genau wie bei einer Lawalampe entstehen nun Bläschen die sich durch das öl nach oben bewegen. Wenn du mit einer Taschenlampe ans Glas leuchtest, kannst du es noch besser sehen.

Expérience de la lampe à lave

Pour fabriquer ta propre lampe à lave, il te faut : (photo 1)

-Eau

-huile

-Colorant alimentaire

-Comprimés de magnésium

1. Remplis ton verre ou ta bouteille avec 1/3 d'eau

2. Mélanges avec du colorant alimentaire (photo 2 )

3. remplis ton verre ou ta bouteille d'huile jusqu'à 2/3. (photo 3) Tu vois maintenant que l'eau ne se mélange pas à l'huile. Cela s'explique par le fait que l'eau est plus lourde que l'huile.

4. Maintenant, tu peux mettre ½ comprimé de magnésium ou un comprimé entier dans le verre. (photo 4 ) Comme dans une lampe à lave, des bulles se forment et se déplacent vers le haut à travers l'huile. Si tu éclaires le verre avec une lampe de poche, tu le verras encore mieux.





Invitation Infoversammlung Mini-Crèche ze Boxer

2023-02-09

Léif Elteren,

Mir lueden iech häerzlech op eis Informatioun’s Versammlung iwwert d’Eröffnung vun eiser Mini-Bësch Crèche zu Boxer an.

Wéini? Mëttwochs den 22 März 2023 vun 19 bis 20 Auer 30

Wou? Zu Wëntger am Sall Theater nieft de Klassen vum Précoce

Ween? All d’Elteren vun de Kanner am Alter vun 2,5 bis 4 Joer während dem Schouljoer 2023/2024

Merci iech virum 13 März 2023 per mail un maison.relais@wincrange.lu unzemellen.

Mir frëen eis iech kennen ze begréissen,

D’Direktioun vun de Kiemelkiddies

Chers parents,

Par la présente nous vous invitons à notre réunion d’information concernant l’ouverture de notre „Mini-Bësch Crèche“ à Boxhorn.

Quand? Le mercredi 22 mars 2023 de 19h-20h30

Où? à Wincrange dans la Sall Theatre près des classes du précoce

Qui? Tous les parents ayant un ou plusieurs enfants âgés de 2,5 à 4 ans durant l’année scolaire 2023/2024

Merci de bien vouloir confirmer votre présence par email à maison.relais@wincrange.lu avant le 13 mars 2023.

Nous nous réjoussons de pouvoir vous accueillir,

La Direction des Kiemelkiddies





Kannerfuesbal vun dër Eltrevereenigung

2023-01-29

Den 4. Februar lied d'Eltrenvereenigung Är Kanner an Eech op hiren "Kannerfuesbal" an.

Am Flyer hei drënner fand Dër wegder Infoën:

Le 4 février l'association pour parents d'élèves vous invite au "Kannerfuesbal".

Pour de plus amples informations veuillez consulter l'affiche ci-dessous.





Projet Menügestaltung

2023-01-27

An eisem Konzept ass d’ Partizipatioun een vun eisen Haaptpunkten, den mir ëmmer méi an eisen Alldag realiséieren wëllen an och an eisen Projeten ëmmer méi présent soll sinn. An deem Zesummenhang sinn eis Équipen an der Maison Relais am Gang ee neien Projet vir den Cycle 1 bis Cycle 4 an d’ Liewen ze ruffen: Den Projet “Menügestaltung“. An deem Projet soll et eisen Kanner erméiglecht ginn, aktiv un eiser Menügestaltung Deel ze huelen. D’ Kanner däerfen aktiv décidéieren wat an eiser Maison Relais op den Teller kënnt.

Vir d’ Kanner un d’ Thematik eranzebréngen sinn am Virfeld schonn verschidden Aktivitéiten mat den Kanner gemeet ginn vir hinnen di verschidden Aspekter vun eiser Ernährung méi no ze bréngen. D’ Kanner konnten hiert Wëssen iwwert gesond an ongesond Liewensmëttel an verschiddenen Quizfroen testen, Uebst an Geméis sortéieren, Geschmacksspiller maachen, Liewesmëttelpyramiden vir hiren Restaurant erstellen, an nach en puer aner Aktivitéiten.

Vum 1. Februar bis den 12. Juli 2023 gëtt et all Mëttwochs ee vun den Kanner zesummen gestalten Menü. Dësen gëtt dann och faarflech an mat engem speziellen Logo vum Projet op eisem Menüplang gekennzeechent.

Vir dësen Projet schaffen mir och enk mat eisem Kach Ralf an eiser Infirmière Linsey zesummen, fir eis un d’ Regelwierk vum Ministère ze halen an sou och eng gesond an ausgeglach Ernährung kënnen ze garantéieren.

Am Cycle 1 däerfen all d’ Kanner méi bildlech, unhand vun Legosstécker hier Stëmm ofginn.

Den Cycle 2 an den Cycle 3/4 décidéieren den Menü an deem’ s déi Kanner déi wëllen zesummen diskutéieren.

Eis klengst aus dem Précoce stoussen no der Ouschtervakanz dozou an wäerten fir déi éischt 1-2 Kéieren zesummen mam Cycle 1 schaffen an dono wahrscheinlech alleng hiren Menü gestalten.






Eischt Viregt Nächst Lescht