Dënschdeg, 6. Mee 2025

MR News



Chrëschtfeier bei de Kiemelkiddies 2022

2022-12-23

No 2 Joer wou eis Krëschtfeier leider net konnt stattfannen war et dëst Joer rëm sou wäit: Den 19ten Dezember vun 16-19h hun mir d’Kanner an d’Elteren rem bei eis dierfen begréissen.

Eis Équipen hunn e flott Angebot vun Atelieren fir Kléng an Grouss preparéiert.

An der Entrée vun der Crèche gouf et een Eck wou virun allem déi kléng Kanner krauchen, klammen an spillen konnten.

Am Précoce konnt een saïn Gesang beim SINGSTAR weisen an och wat een alles beim FIFA sou kann.

Am Cycle 2 hun eis Kënschtler d’Kanner flott geschminkt. Et war alles dobäi, vun leiwen Prinzessinnen bis bei den wëllen Tiger.

Den Gank vum Précoce an Cycle2 war wéi an der regulären Maison Relais Zäit fir d’Fräispill do.

An den Raim vum Cycle 1 konnt een och flott Saachen man. Et gouf een Bastelateliers fir alles wat Chrëschtdag ugeet, vun Kaarten bis Chrëschtbamdekoratioun.

Am Restaurant vum Cycle 1 konnt een sech lecker Butterkeks Haisercher bauen an flott dekoréieren mat Hariboen, Smarties an Streiselen an allen Formen an Faarwen.

Ausserdeem gouf hei och un een méi rouegen Eck geduecht, wou d’ Kanner interaktiv Geschichten konnten erliewen.

Natierlech hunn mir och un d’ kulinaresch Wuel geduecht. Sou gouf et am Hall Wafelen, Gulaschzopp an eng Crème Andalouse, Schokola, selwer gemeeten Glühwäin vun eisem Kach, Kaffi, Glühjus an Softdrinks.

Et sinn ëm déi 180 Leit eiser Invitatioun nokomm an mir hoffen am nächsten Joer nees sou ee schéinen Owend mat Iech verbréngen ze kënnen!








Mir waren op Woltz boulderen

2022-12-05

Mir, aus dem C3/4 kruten d'Méiglechkeet op Woltz an d'Haal vum Eisleker Klammveräin boulderen ze goen. Dest ass eng Klammsportaart ouni Seel, awer mat dueblem Buedem. Fir den Stuerz gudd ofzefiederen, gouf eng 40 cm deck Matrass verluecht. Heirop ass zousätzlech en Teppech, den dofir suergt, datt d'Matrass geschützt ass an dem Boulderer gläichzäiteg e méi grousse Konfort ubitt.

Mir, an och déi Grouss haaten ganz vill Spaass, hunn eis vill getraut an sinn iwwert eis Grenzen erausgewuess. :-)

Wir, aus dem C3/4 hatten die Möglichkeit, in die Halle des "Eisleker Klammveräins" boulderen zu gehen. Dies ist eine Klettersportart ohne Seil, jedoch mit doppeltem Boden. Um den Sturz gut aufzufangen, wurde eine 40 cm dicke Matratze verlegt. Auf dieser Matratze befindet sich noch zusätzlich ein Teppich, der dafür sorgt, dass die Matratze geschützt ist und dem "Boulderer" mehr Komfort bietet.

Wir, und auch die Erwachsenen hatten ganz viel Spaß, haben uns viel getraut und sind über unsere Grenzen herausgewachsen. :-)

Nous, du C3/4 avons eu la possibilté d'aller dans le hall de la roche "Eisleker Klammveräin" . Il s'agit d'un sport d'escalade sans corde, mais avec un double plancher. Pour bien attraper la chute, un matelas de 40 cm d'épaisseur a été posé. Sur ce matelas, il y a encore un tapis qui assure la protection du matelas et offre plus de confort au "boulderer" .

Nous, et les adultes aussi, nous avons eu beaucoup de plaisir, nous avons eu beaucoup de courage et nous avons grandi au-delà de nos limites. :-)





Rapport van dër Generalversammlung van dër Eltrevereenigung

2022-11-16

D'Eltrevereenigung haat hir Generalversammlung ee Mondig, den 14.11. 2022 am Versammlungsraum iwert dëm Centre Culturel aafgehaal.

De Laurent Winkin, a senger Fonktioun als na amtéirende Präsident woor frou eng ganz Reih intresséiërt Eltren, Vertreter vam Léiërpersonal, van dër Gemeng a van dër Maison Relais kannen ze begréissen, är heen d’Wuärt aan d’Danielle Heintz iwergiän hat.

D’Präsidentin vam Schoulkomitee hat hir Mataarbichterinnen am Schoulkomitee, d’Dammen Tania Schmit a Nadine Majerus dunn zu Wuärt komme geloss, déi d’Wichtigkeet van dën Eltrevetreter erfirgehuäwen han. Kurz drop goufen dunn d’Dammen Josiane Pletsch, Joëlle Kreins an dën Här Edy Weber als Représentants vam Eltrecomité van dër Assemblée gudd geheescht.

D'Sekretärin van dër Eltrevereenigung, Marianne Lis, konnt a sengem déteilléiërte Rapport op d’Aktivitéiten vam vergangene Joor zréckblécken, wou niäwent Heckeplanzaktioun, Coupe scolaire, Oustereersichaktioun, an, an, an, … d’Summerfest als Highlight rausgestach hat.





Generalversammlung van dër Eltrevereenigung / Assemblée générale de l'association des parents d'élèves

2022-10-31

Léif Elteren, Heimadden invitéiert de Comité vun der Elterevereenigung eech fir de Méinden den 14.11.22 um 19:00 Auer op d’Generalversammlung an de Centre Culturel an de Sall um éischten Stack. Agenda: - Begréissung vum President - Aktivitéitsbericht - Presentatioun vun de Finanzen - Keesserevisoren hunn d’Wuert - Neien Comité - Divers. No der Generalversammlung presentéiert een Expert vun BeeSecure folgend Thema: KINDER UND JUGENDLICHE IM INTERNET – EINE HERAUSFORDERUNG FÜR ELTERN Der Experte gibt zu folgenden Fragen Antworten: Ab welchem Alter darf mein Kind ein Smartphone besitzen? Wie viel Zeit darf mein Kind vor Bildschirmen verbringen? Wie kann ich es vor Missbrauch und Cyber-Mobbing schützen. Mer géifen eis immens freeën wann mer eech op eiser Generalversammlung kéinten begeinen. Fir Gedrenks an fir z’Eessen an engem lockeren Kader ass gesuergt.

Chers parents, Le comité de l'association des parents de l’école fondamentale de Wincrange vous invite à l'assemblée générale le lundi 14.11.22 à 19h00 au centre culturel dans la salle au premier étage. Ordre du jour: - Mot de bienvenue du Président - Rapport d'activité - Présentation des finances - Les auditeurs de caisse ont la parole - Nouveau comité - Divers Après l'assemblée générale, un expert de BeeSecure présentera le sujet suivant : LES ENFANTS ET LES JEUNES SUR INTERNET – UN DÉFI POUR LES PARENTS L'expert répond aux questions suivantes : A quel âge mon enfant peut-il avoir un smartphone? Combien de temps mon enfant peut-il passer devant les écrans? Comment puis-je le protéger contre les abus et le cyber-harcèlement? Nous serions très heureux si nous pouvions vous rencontrer lors de notre assemblée générale. Des boissons et une collation seront servies dans une ambiance décontractée.






Eischt Viregt Nächst Lescht