News

Aktioun: Journées du livre
2015-05-20Am Kader van de „Journées du livre et du droit d’auteur“, déi vam 22. - 25. Abrëll 2015 an dë Schoulen aafgehaal goufen hat dë Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse dës Aktioun an de Grondschoulen lancéiërt.
„Engersäits kann ee mat Bicher op d‘Rees goen. Et kann een se iwwerall mathuelen.
Anerersäits kann een duerch Bicher aner Länner, Sproochen, Landschaften a Kulture kenne léieren, seng Fantasie spille loossen, ganz nei Welten entdecken, iwwer Ënnerscheeder staunen.
Vill Bicher – Literatur a Sachbicher – erziele vum Reesen : Reesbicher, Reesberichter vun Entdecker oder einfache Persounen déi reesen, en Atlas,….
Reesen heescht och Migratiounen (Vëlkerwanderungen, Aus- an Awanderungen, Flüchtlingswellen,…).
Eis Schoul haat o mat engem Projet matgemaat.
D'Vanessa Staudt an de Roland Meyer, deen dëst Joor sougaar de "Prix de la fondation Servais" gewonn hat, wooren an eis Schoul Um Kiemel komm fir aus hire Béicher virzeliäsen an fir dë Kanner dë "Berouf vam Schrëftsteller" bësse méi noo ze brengen.
Am Anhang fand Dër Dokumenter zu dësen Virliäsdeeg.
Zu dëm Vanessa Staudt sengem Bouch "De Kroumpernéckel" han d'Kanner aus dëm Cycle 2 B dann sougaar eng Fortsetzung geschriwen, déi dër als Webbook hei fand:
KROUMPERNECKEL _Suite



LERNFEST 2015 UM KIEMEL
2015-05-17Dest Joër freeë mer eis Eech mat ze deelen, datt di national Editioun vum Lernfest op eisem Site zu Wëntger stattfënd.
Hei fand Dir engt grousst Ugebot vun flotten, interaktiven Atelieren an Aktivitéiten, déi Grouss a Kleng kënnen entdecken.
Och d’Schoul um Kiemel zesummen mam Nortic bidd e Stand un, op deem Dir un enger Initiatioun fir Geo-Caching, enger moderner Schatzsuche, kënnt deelhuelen.
Deemno as dëst een Datum, deen an Ärem Kalenner nik däerf feelen.
Sonndes, den 31. Mee, ab 10.30 Auer
Den Entrée as fräi
Weider Informatiounen fand Dir ënnert dësem Link:
Pilgerdaag vam Cliärrwer Kanton
2015-05-11Gelegentlich vam Pilgerdaag vam Cliärrwer Kanton hat ee Grupp Kanner aus dër Wëntger Schoul ënnert dër Leedung vam Christiane Hoffmann paar Ligder während dër Oktavmass virgedroo. Begleet goufen sie dobäi op dërt Gitaar vam Winkin Laurent.
Am Schluss van hirer Prestatioun hat dë Bëschoof dë Kanner perséinlich Merci gesoot fir déi liäwig Gestaltung vam Gottesdingst an heen hat sich gewënscht, dat d'Massen o an Zukunft op sou eng erfrëschend Art a Weis van de Kanner kënnte matgestalt giän.
Am Anhang paar Photoën van eise junke Sänger/Innen.

Wichtige Kurzinfos zum "Summerfest"; Détails importants en rapport avec le "Summerfest"
2015-04-28Wie bereits angekündigt findet das "Summerfest" zum Abschluss des Schuljahres dieses Jahr freitags, den 10. Juli statt.
Im folgenden PDF finden Sie wichtige Kurzinfos zum Ablauf des Tages.
Comme déjà annoncé le "Summerfest" qui clôturera l'année scolaire 2014-2015, se tiendra vendredi, le 10 juillet.
En annexe veuillez trouver quelques détails importants concernant le déroulement de la journée.



Dag vum Buch 2015
2015-04-23Am Kader vam Dag vam Bouch haat eise Bibliosgrupp rëm Auteure va Béicher bei eis Kanner an d'Schoul um Kiemel invitéiërt.
Fir de Cycle 4 an dë Cycle 3 woor dë Roland Meyer aus senge Béicher "Iwert dër Leeder" an "Zu Lëtzebuerg gin ët keng Piratekapitänen" virgeliäs.
Eis Kanner aus dë Cyclen 1 an 2 kruuten vam Vanessa Staudt hirt neit Bouch de "Kroumperenéckel" virgelstalt.
A béide Fäll han d'Kanner ewer nët nëmmen eppes iwer d'Geschichten aus dë Béicher geléiërt, mee konnten an engems profitéiren fir dën Auteuren Froën zu dë Béicher an hirer Entstehungsgeschicht ze stellen an iwert de Berouf vam Buchauteur ze stellen.
Am Fall vam Vanessa Staudt hat "d'Gebuurt" van hirëm Bouch "Kroumperenéckel" beispillsweis 3 Joor van dër Iddi bis zur Publikatioun gedauërt. Sie hat nët nëmmen dën Text selwer geschriwen, mee hat o d'Biller selwer gemoolt an o d'Vermaartung van hirëm Bouch, daat bis lo 3000 Mool gedréckt gouf, hat sie selwer an d'Hand geholt.
Daat a vill anner Saachen han d'Kanner also iwert déi 2 Auteuren an hir Béciher geléiërt.
Är d'Kanner dann dee nei ageriichten Liäseck an dër Bibliothéik verloss han, kruuten sie na a Form van engem Stoffsack ee klenge Cadeau mat op de Wee, an dem sie hir ausgeléinte Béicher lo bequem tëschent Schoul an Doheem kënnen transportéiren.
A lo heescht ët, onaafhängig vam Daag vam Bouch: Alle Kanner o viraan vill Spaass beim Entdecken van neiën Geschichten bei äis um "Béicherjuck".