Summerfest: Eng Zäitrees durch d'Musikgeschicht2016-07-09Als kréinenden Aafschloss vam dësjährige Musikprojet, zu dem dër op dëser Säit Infoën ënner folgendem Link fand Konst a Kultur, stungen d'Optrëtter van de Kanner um Summerfest dëst Joor ënnert dëm Motto: "Eng Zätrees durch d'Musikgeschicht". Wéi dës Optrëtter ausgesin han a wéi begeestert d'Zuschauër d'Optrëtter op dër Bühn begleed han kann dër eech an dëser Galerie aakucken. Dëm Jugendorchester van dër Wëntger Musik na ee décke Merci fir déi musikalisch Iwergäng, déi sie van enger Zäitepoch zur annerer gespillt han. Allen Eltren an dër Eltrevereenigung dann o een décke Merci fir hir Präsenz an hir aktiv Mataarbicht um dësjährige Schoulfest, daat bei de Kanner an dën Erwassene bestëmmt wärt a gudder Erënnerung bleiwen. » Galerie |