News

Soirée française den 19.06. 2015
2015-06-19D'Kanner aus dëm Cycle 4.2 han hockt hir Eltren, Frënn an Bekannten op eng Soirée française am Centre culturel invitéiërt.
Mam Erléis van dëser Soirée finanzéiren sie den 25. an 26. Juni 2015 hir Rees op Paräis.
Hein na d'Invitatioun van de Kanner


Bilan vam Lernfest aus dër Siicht van eiser Schoul
2015-06-17D'Lernfest van dër Landakademie, daat dëst Joor zu Wëntger aafgehaale gouf, ass riwer.
Eis "Schoul um Kiemel" haat an Zesaamenaarbicht mam NORTIC jo o mat engem Stand zum Thema Geocaching matgemaat.
Dëm Jaagdsyndikat van der Sektioun Cliärrëf seet eis Schoul dann o na ee ganz besonnische Merci.
Gelegentlich vam Lernfest han d'Vertreter vam Jaagdsyndikat eiser Schoul nämlich ee "LERNKOFFER zum Thema Natur" iwerreecht, dee lo ëmmer dann an dën Asatz wärt kommen wann eis Kanner zeaamen mat hirëm Léierpersonal d'Natur wëllen mat Leiw a Séil entdecken.
Am folgende PDF zéië mër lo eise Bilan zum Fest waat dën Atelier Geocaching aageet:
Vill Spaass beim Liäsen!
Photoën zum Aafloof vam ganzen Daag fand Dër am Link hei drënner:
Vill Spaass beim Rakucken:
De Cycle 4.2. seet Merci
2015-06-15All dën Eltren a soss Besucher, déi hiren Auto gelegentlich van dër Carwash-Aktioun van eise Kanner aus dëm Cycle 4.2. wäsche geloss han an o na paar Sou an dër Kaffisstuff hänke geloss han, seet dë Cycle 4.2. van dëser Platz aus Merci.
Op dës Art a Weis konnte +/- 1.250 € agespillt giän, déi de Cycle 4.2. lo bei hire Budget fir dën Ausflug op Paräis kann derbäi lee'ën.
Am Link hei drënner fand dër dann eng Partie Photoën van dëser Aktioun:

Cycledag am Cycle 1
2015-06-11E Mëttwoch, den 22.4.2015 hatt d'Léierpersonal aus dem Cycle 1, am Kader vam PRS, ee Cycledag fir d'Kanner aus der Spillschoul a Précoce organiséiert. D'Kanner aus deene verschiddenen Teamer woren an Altersgruppen gemëscht an han aan enger Reih Aktivitéiten zum Thema Sproochentwécklung deelgeholl. Wéi des Ateliersën de Kanner gefall han, kann Dir Eech op de nofolgende Fotoën akucken.

Carwash zu Wëntger, den 6.Juni 2015
2015-06-03Fir hiren Ausflug op Paräis ze finanzéiren start de Cycle 4.2. ee Samsig, den 6. Jun,i rëm eng Carwashaktioun zu Wëntger beim Pomjeesbau.
Méi Infoën fand Dër an dër Affiche hei drënner.
