Méindeg, 15. September 2025

News


Ischte Schnéi zu Wëntger

2017-12-03

Pünktlich um 1. Dezember, dem Daag, wou o dë Kleeschen bei äis an d'Schoul koum, ass o den 1. Schnéi gefall.
Hei paar Andréck dovaan.



Nikloosdaag 2017

2017-12-03

An dër folgender Galerie fand Dër Photoën van dën Optrëtter van de Kanner aus dëm Cycle 1 gelegentlich van dër Nikloosfeiër an der Schoul Um Kiemel.



Nei Ouvertureszäiten van eise Schouldiiren

2017-11-29

Léiw Eltren,

fir eist Gebei während dë Schoulhorairen no baussen aafzesëcheren goufen nei Schlässer installéiërt, déi automatisch d'Diiren verrigelen:
Hei lo d'Zäiten winni d'Diiren op, respektiv verrigelt sën:

Haaptentrée Schoulgebei:

vun 7:00 - 8:10 Auer as së emmer op, dono schléisst se an et kann keen méi vun baussen rakommen (ouni Schlëssel)
vun 13:30 - 14:10 Auer as së op, dono schléisst se
vun 16:10 - 22:00 Auer bleiwt se op

Dat gëlt och fir d'Diir vum Centre Culturel

Diir zum Pausenhaff raus:

Dat selwicht gëlt fir d'Diir zum Pausenhaff, mee déi as och nach op vun 9:50 - 10:20 Auer a mëttes vun 14:50 - 15:20 Auer

Dat gëlt och fir di gro Diir fir an den Centre Culturel

Kommt Dër Ärt Kand also zu dë Schoulzäite séichen, brengt eppes laast oder kommt an engt Gespréich, da musst Dër Eech bei dër Diir van dër Maison Relais ze erkenne giän a gët dann do rageloss.

Merci fir Äre Versteesdemich!




Niklossfeiër 2017 - Save the date

2017-11-24

D'Gemeng an d'Schoul um Kiemel lied  d'Kanner, d'Elteren aus dem Cycle 1 a Précoce an d'Familjen aus der Gemeng vu Wëntger Fregdes den 1. Dezember op d'Kleeserchersfeier ëm 14.30 Auer an d'Turnhall an. 


No der Feier invitéiert d'Elterevereenigung an hir Kaffisstuff!





D'Gemengewahlen am Cycle 4.2.C

2017-11-23

Am Kader vun der Initiativ "Gemengewahlen zu Lëtzebuerg" vun dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) hunn d'Kanner vun der Klass 4.2.C an dem Fach Vie et société verschidden Aktivitéiten zu den Gemengewahlen gemaach.
Sou hunn si verschidden Saachen an der Klass gesinn a gemaach:

  • Wat Wahlen sënn, ween wielen goen duerf a wat am Wahlbüro passéiert.
  • Fir ze wëssen wéi iwwerhaapt gewielt gëtt, hunn si hiren eegenen "Rat der Helden" gewielt.
  • Plakater vun all Partei goufen erstallt a virgestalt.
  • D'Roll vun der Gemeng, dem Gemengerot an dem Buergermeester goufen erkläert. 
  • D'Kannerrechter goufen mateneen ënnersicht
  • All Grupp hot sech een Recht erausgesicht an op Plakater hir eegen Iddien festgehaal wéi dat spezifescht Recht an der Gemeng verstäerkt kéint ginn.

Doropshën, hunn d'Kanner bëssen opgereegt mee mat vill Stolz hir Iddien zur Verbesserung vun der Gemeng dem Buergermeester virgestallt wéi dësen op Besuch an d'Klass kommen as. No enger entspannter Diskussiounsronn mam "Chef" vun eiser Gemeng, konnten d'Kanner all hir Froen stellen. 

Den Projet as mat engem Artikel ofgeschloss ginn, deen Kanner an hirer Grupp geschriwwen hunn.

Wéi d'Kanner am Cycle 2 d'Thema "Wahlen" behandelt han kann dër am Webbook hei drënner gesin.






Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot