News

Lëtzebuerg kenneléieren, Lëtzebuergesch léieren
2017-12-30Verbesser deng Lëtzebuergesch Sproochkenntnesser an erweider däi Wuertschatz!
Mam „Konterbont“, deem éischte komplett digitalen Magasinn op Lëtzebuergesch!
An 11 Rubrike fënns du al 2 Méint spannend an informativ Artikelen ronderëm d‘Lëtzebuerger Land, seng Kultur a seng Leit. Iwwert dem Liese léiers du nei Wierder kennen a verbessers deng Aussprooch!
De Konterbont gett et fir däin Tablett Computer an däin Smartphone
Probéier et aus!
Dën direkte Link op dës intressant an informativ Säit fënns dë hei:
Die drei Weisen aus dem Morgenland
2017-12-24Ennert dësem Motto stung daat dësjährigt Krëppespill, dat d'Christiane Hoffmann an deene vergangene Wochen an enger ganzer Reih Prouwen mat allen intresséiërte Kanner aus dër Wëntger Schoul astudéiërt hat.
No zwou Generalprouwen an där Boxer Kirch haaten sich dunn op Hälligowend vill Kanner mat hiren Eltren bei dër Opféirung afond fir ze gesinn wéi d'Kanner d'Geschicht rondrëm dëm klenge Jesus seng Gebuurt dëst Joor sollten interprétéiren.
Alles sollt wéi am Schnürche klappen, sou dat déi kleng Akteuren mat hirer Regisseurin, dëm Christiane, wéi o dëm Begleetchouër, mat an dër Mëtt dëm Hoffmann Francis, dee verdingten Applaus van all dë Legden an dër Kirch konnten entgéinthuällen.
Noom Krëppespill stung dann na eng Kannersegnung durch d'Geestlich Lubomir a Müller um Programm, är d'Eltren an d' Kanner zefridden sollten heem faaren, fir am Krees van hirer Famill dë Viirowend va Chrëstdaag kannen zu Enn ze feiren.
Am Anhang lo d'Galerie mat dë Photoën vam Daag.
Schéi Feierdeeg eech all a vill Spaass beim Kucken!
» Galerie

Remplaçants éducatifs occasionnels fir d'Kiemelkiddies
2017-12-17D'Maison Relais van de Kiemlekiddies sicht dringend fir
Crèche an Schoulberäich:
Remplaçants éducatifs occasionnels (m/f)
D’Kandidate solle folgend Konditioune erfëllen:
Eng Ausbildung als “Aide-Educateur” hun (oder Bereetschaft eng ze maachen)
Freed un der Arbecht mat Kanner, Teamgeest
Fäegkeet , mat Rou an Respekt am Ëmgang mat de Kanner an den Ëlteren ëmzegoen
Flexibilitéit an den Arbechtszaïten, Disponibilitéit
(-> am Schoulberaïch virun allem iwwer Mëttig)
Lëtzebuergesch an Franséisch schwätzen
Fir weider Informationen, mellt Iech bei der Direktioun
994696-400

Schéi Feierdeeg
2017-12-17D'Personal aus dër Schoul um Kiemel wënscht alle Kanner mat hiren Eltren schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an daat neit Joor.
An da gesi mër äis hoffentlich all rëm den 2. Januar 2018 gesond, monter a mat neiër Energie an der Schoul rëm.

À quoi ça sert de dormir ? Un film d’animation génial pour expliquer le sommeil aux enfants !
2017-12-07Voilà un petit film d'animation pour expliquer l'importance du sommeil à nos enfants!