Sonndeg, 14. September 2025

News


Bazar vam Foyer Eislécker Heem den 26. November 2017

2017-11-16

All 2 Joor hält dë Foyer Eislécker Heem säin traditionnellen Bazar an dër Advendtszäit aaf. D'Kanner van dër Wëntger Schoul han o dëst Joor rëm fir dës Geleegenheet gebastelt a gebaak a wëlle soumat déi Behënnert am Foyer Eislécker Heem ënnerstëtzen.

Waat soss na gelegentlich vam Bazar aasteet kann dër dëm Flyer am Anhang enthuällen.
Mër hoffen Eech all gelegentlich vam Bazar um Site vam Parc Sënnesräich zu Lëlljen kannen ze begréissen.

Méi Infoën zum Parc Sënnesräich, zum Foyer Eislécker Heem an zum Lëlljer Gaart fand Dër an de folgende Linken.



Eltrenowend an der Maison relais, Daasdes, den 23. Januar 2018 em 19H00

2017-11-15

D’Maison Relais Wëntger A.s.b.l.,
an Zesoomenorbicht matt der
Eltereschoul Janusz Korczak
invitéieren Eech op een Eltrenowend zum Thema
“KUCK WAAT ECH KANN”
D’ENTWECKLUNG VON DER AUTONOMIE
An wéi engem Alter soll mengt Kand waat kannen?
Wéi kann ech mengt Kand bei senger Ent-wecklung von der Autonomie ennerstetzen ?
Wéi mierken ech wann ech mengt Kand iwer-forderen?
Diskussioun an Austausch
Weider Infoën fand Dër hei drënner am Flyer



Generalversammlung van dër Eltrevereenigung mat aaschléissender Konferenz zum Thema "Gemeinsam sind wir stark"

2017-11-13

Wéi op dëser Säit aagekënnigt haat d'Eltrevereenignung ee Fregdig, den 10.11. 2017 op Nidderwampich an hir ordentlich Generalversammlung agelaaden.

Dëm folgende Bericht vam Engelen Jeff kann dër ënthuällen waat dësen Owend um Programm van dër Generalversammlung stung.

Bonne lecture!



Schulalltag mit Lehrermangel: Wie geht das?

2017-10-23

Nët nëmme bei äis ass daat engt Thema.
Am Filmchen gesidd dër zwar keng Patentléisung, mee fläicht ewer een Aasatzpunkt!



Generalversammlung van dër Eltrevereenigung mat aaschléissender Konferenz zum Thema "Gemeinsam sind wir stark"

2017-10-18

Donnesdes den 9.11.2017 lied d'Eltrevereenigung eech all an op hir alljährlich Generalversammlung.

Direkt no dër Generalversammlung hält d'Madame Anja Hartmann eng Konferenz zum Thema:

Gemeinsam sind wir stark – Erziehungspartnerschaft
der Schule und Maison Relais in Wintger gestalten

Haalt eech dën Datum lo well an ärem Agenda fest!

Am folgende PDF fand dër wegder Infoën!

 






Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot