Die drei Weisen aus dem Morgenland2017-12-24Ennert dësem Motto stung daat dësjährigt Krëppespill, dat d'Christiane Hoffmann an deene vergangene Wochen an enger ganzer Reih Prouwen mat allen intresséiërte Kanner aus dër Wëntger Schoul astudéiërt hat. No zwou Generalprouwen an där Boxer Kirch haaten sich dunn op Hälligowend vill Kanner mat hiren Eltren bei dër Opféirung afond fir ze gesinn wéi d'Kanner d'Geschicht rondrëm dëm klenge Jesus seng Gebuurt dëst Joor sollten interprétéiren. Alles sollt wéi am Schnürche klappen, sou dat déi kleng Akteuren mat hirer Regisseurin, dëm Christiane, wéi o dëm Begleetchouër, mat an dër Mëtt dëm Hoffmann Francis, dee verdingten Applaus van all dë Legden an dër Kirch konnten entgéinthuällen. Noom Krëppespill stung dann na eng Kannersegnung durch d'Geestlich Lubomir a Müller um Programm, är d'Eltren an d' Kanner zefridden sollten heem faaren, fir am Krees van hirer Famill dë Viirowend va Chrëstdaag kannen zu Enn ze feiren. Am Anhang lo d'Galerie mat dë Photoën vam Daag. Schéi Feierdeeg eech all a vill Spaass beim Kucken! |