Méindeg, 9. Juni 2025

News





Schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch

2021-12-25

D'Equipe aus dër Schoul um Kiemel wënscht dën Eltren an dë Kanner schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an daat neit Joor. Mër all wënschen äis, dat mër äis gesond a monter am Januar an dër Schoul kanne rëmgesinn!



D'Maison Relais wënscht schéi Chrëstdeeg

2021-12-17

Ënner folgendem Link komm dër op eise Wiki fir "Chrëstdaag": D'Maison relais wënscht schéi Chrëstdeeg



De Kleeschen beséicht äis an dër Schoul

2021-12-03

Hockt, 3 Deeg viraa Nikloosdaag, mëcht dë Kleeschen bei äis an dër Schoul seng Ronn!

Merci Kleeschen Laurent an Housiker Änder, dat dër eech Zäit fir eis Kanner geholt hat!

Méi Fotoën van dem groussen Evenement fand dër hei:
Cycle 2_Klass Patrick a Caroline
Cycle 2_Klass Marguy a Patrick
Cycle 2_Klass Diana_Francine



Generalversammlung van dër Eltrevereenigung 2021

2021-12-01

D'Eltrevereenigung haat hir Generalversammlung Mëttwoch, den 1.Dezember um 19:30 am Centre Culturel. Daat Ganzt ass ënnert dër 3G Covid-Check-Prozedur aafgeloof. 

Noom Präsident, dëm Laurent Winkin sengen Begréissungswiärder, hat d'Sekretärin Lis Marianne de Rapport van dën Aktivitéiten gemaat.
Am folgende PDF kann dër d'Déteiler zu dësem Rapport noliäsen.

Dono hat dën Caissier,Edy Weber, de Bilan van dër Kees gezuiën, är dë Buergermeester Marcel Thommes dër EV Merci gesoot hat fir hiren Engagement am Sënn vam Kand. Gläichzäitig hat heen eng Reih Projet'ën gesträift, wou Schoul, Gemeng an Eltrevereenigung gemeinsam Zieler verfolligen. Aagefong hat hen mat dër Wichtigkeet van enger gudd funktionnéirender Schoulkommissioun, fir dono iwert dën aktuelle Stand vam Bildungshausprojet ze schwätzen, är heen seng Riädd mat dëm Projet "Buslinnen", den d'Gemeng an Zukunft viraan nei Erausforderungen stellt, clôturéiërt hat.

No dër ordentlicher Generalversammlung stung dunn na eng Präsentation vam Ben Schreiner um Programm, wou heen den Elteren d’Software-Aawendungen  IAM-Login, Microsoft 365, Teams, Onedrive,… virgestalt hat, déi an dër Schoul agesatt giän. An dësem Kontext hat de Patrick Dichter ee klengen Abléck an déi schoulintern Homepage giän, är d'Véronique Schmitz na Léiërplattformen, déi vam Ministère zur Verfügung gestalt giän, virgestalt hat.

Déi Eltren, déi nët en présentiel konnten aan dër Versammlung Deel huällen, haaten noom groussen Succès vam lesten Joor d'Méiglichkeet  sich iwwer Zoom bäizeschalten.

Insgesamt wooren 34 Intressenten dëser Invitatioun nokomm.

Aafschléissend hat dë Laurent Winkin na eng Kéiër allen "reelen" a "virtuellen" Teilnehmer aan dër Generalversammlung Merci gesoot, är dën Owend mat engem Patt aafgeschloss gouf.






Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot