Home
News

Mër verséissen dëm Marie-Paule seng Pensioun
2023-07-07Um Daag vam Summerfest van eiser Schoul, dën Daag kënnt also nët besser gewiällt sën, geet Habscheid Marie-Paule a seng verdingte Pensioun.
Fir him dën Abschied van dë Kanner a va senge Kolleg/Innen an dëm Léierpersonal bëssen ze verséissen kruut hat op sengem lesten Schaffdaag eng Corbeille mat Verwöhnprodukter an ee faarwigen Bouquet van dë Kanner aus dëm Bloumegärtchen an aus dëm Cycle 2 iwerreecht.
Virwaat graad van hinnen? Ma an deene leste Jooren woor d'Marie-Paule mat vill Härzblugd a gudder Laun ëmmer am Cycle 1 an 2 an dë Vestiäiren van dër Schwämm am Asatz fir honnerte va Kanner an d'Kleeder ze hëllefen, hinnen déi naass Fliichten ze drëchnen oder d'Schung ze strécken.
Dëm Marie-Paule dofir een décke Merci van dër ganzer Belegschaft an all dë Kanner van dër Schoul um Kiemel. Irgendwann an hirer Schoulcarrière hat d'Marie-Paule bestëmmt jidfererengem van hinnen gehollëf, fir dat ën aus dem naassen Element rëm mat Zäit zréck hannert déi méi drëche Matière an dëm Klassesall konnt kommen.
Dëm Marie-Paule a sengem Mann Robi da vill Spaass an dëm Marie-Paule senger verdingter Pensioun a losst eech zesaamen déi lecker Produitën aus dër Coopérative Lëllger Gaart gudd schmaachen.
Am Anhang da stellvertretend fir all Kanner aus dër Schoul eng Photo mat engem Echantillon aus dër Schoul um Kiemel.
A wann dën Abschied dëm Marie-Paule nët ze schwéiër fällt, da së mër frou, fir hat hockt an o op kommende Summerfester ënnert eise Gäst kannen ze begréissen!
» Galerie
Generalprouw fir d'Summerfest
2023-07-06Hei well ee klengen Appetizer fir eist Summerfest, daat muärren statt fënd. Bei dër Generalprouw han d'Kanner all hirt Best giän an ët woor ee vollen Erfollig. Wen dat Ganzt wëll live an mat Musik gesin, soll dë Rendez-vous muärren um 15.00 am Amphitheater nët verpassen. Mër free'ën äis op Äre Besuch!
» Galerie
Béicher fir eis Kanner vam Cycle 4.2., offréiërt vam Comité Auschwitz
2023-07-02Den 2. Juli 2023 hat de Comité Auschwitz bei d'Denkmool op Fünfbrunnen invitéiert, fir do an der Presenz van dem Unterrichtsminister, dem Här Claude Meisch an dem Chamberspresident, dem Här Fernand Etgen, aan déi ronn 300 Judden ze erënneren, déi am 2. Weltkrich va Fünfbrunnen aus an d'Konzentratiounslageren deportéiert goufen.
Am Anhang fannt dir als PDF de genaue Programm van dëse Feierlichkeeten.
Direkt no der Commémoratiounsfeier gouf dann o na de neie "Parcours mémoriel" va Fünfbrunnen duerch d'Hären Meisch an Etgen ageweit, op dem intresséiert Schoulklassen ewer o all privat Visiteurs mat Panneauen an op virtuell Aart a Weis duerch d'Geschicht vam Klouster Fünfbrunnen am 2. Weltkrich gefouert giän.
Fir eis Schoul an dem Kontext ervirzehiäwen ass d'Tatsaach, dat dë Comité Auschwitz, wéi all Joer, de Kanner aus dem Cycle 4.2. aus dë Schoulen va Wëntger an Elwen engt Bouch offréiërt, wou op kandgerecht Art a Weis op d'Grugelzichkeeten aus dem 2. Weltkrich hegewisen gëtt.
Als Schoul soe mer dem Comité Auschwitz van dëser Platz aus Merci fir dësen Don, mat dem d'Erënnerung aan déi däischter Kapitelen aus eiser méi junker Mënschheetsgeschicht bei eise Kanner waakrig gehale gëtt, fir an Zukunft ähnlichen Grugelzichkeeten kannen virzebeugen.

Summerfest, de 7.7. 2023
2023-06-27Léiw Kanner, léiw Eltren, am Anhang fand dër dë Flyër van eisem Summerfest.
Wichtig ze wossen: D'Optrëtter van de Kanner fannen all ab 15.00 am Amphitheater statt, fir dat o all Kand bei dën Otrëtter kann matmaën. An dër Hoffnung Eech all bei dësen Optrëtter an dono um Fest kannen ze begréissen: D'Personal an d'Kanner aus dëm BILDUNGSHAUS UM KIEMEL.
Chers enfants, chers parents, veuillez trouver en annexe le flyer pour le Summerfest.
Important à savoir: Pour que tous les enfants aient la chance de pouvoir participer aux représentations de leur classe, ces représentations auront lieu à partir de 15.00 heures à l'amphithéâtre .
Dans l'espoir de vous voir toutes et tous lors de ces représentations et après lors de la fête: le personnel et les enfants du BILDUNGSHAUS UM KIEMEL
» Galerie

Save the date SUMMERFEST
2023-06-14Och dëst Joer heescht et erëm: Spill a Spass um Kiemel.
Haalt Iech lo schon Freides, den 7.Juli 2023 ab 15 Auer fräi fir eist SUMMERFEST.
D'Schoul, Maison Relais an d'Elterevereenung freeën sech fir Iech all do remzegesin. Vill flott Aktivitéiten wäerten Iech erwarden.
D'Maison Relais bleift ab 16 Auer zou.
Comme l'année passée: Jeux et amusement "um Kiemel".
Réservez-vous le vendredi, 7 juillet 2023 à partir de 15 heures pour notre fête d'été.
L'école, la Maison Relais et l'association des parents seront contentes de vous revoir.
Beaucoup d'activités vous attendent.
La Maison Relais restera fermée à partir de 16 heures.

