Mëttwoch, 8. Abrëll 2026

Home

News


Spatenstich op dër Schoul um Kiemel

2023-05-24

A Präsenz van enger ganzer Reih Politiker, déi van dër Gelegenheet profitéiërt han, fir sich viraan de Wahlen na eng Kéiër ze weisen, woor gester de Spatenstich fir dat neit Bildungshaus um Kiemel.

Am Anhang fand dër paar Fotoën van där klenger Feiër.





Ouschtervakanz an der Crèche / Vacances de Pâques dans la crèche 2023

2023-05-08

An der Ouschtervakanz hunn mir vun den nidderegen Kannerzuelen profitéiert an nieft dem Fräispill och verschidden Aktivitéiten an Ausflich ugebueden, déi am normalen Crèchen Alldag nik ëmmer sou ëmsetzbar sinn. Hei e puer Andrëck vun der Ouschtervakanz an der Crèche:





D'Cliärwer Musikschoul op Besuch am Cycle 2

2023-05-04

Hockt woor d'Cliärwer Musikschoul bei äis am Cycle 2 op Besuch, fir de Kanner d'Bloosinstrumenter virzestellen a fir bësse Reklamm an eegener Saach a fir d'Wëntger Musik ze maën. De Musiker een décke Merci fir dee flotten Break, den de Kanner vill Spaass gemaat hat. Mee o am Fall vam Erléiren van engem Instrument, genau wéi an dër Schoul an am Liäwen woor d'Erkenntnis: "Ohne Fleiss kein Preis"! Eech vill Spaass beim Raluussen an d'Galerie hei drënner.





Dën Ousterhaas an dër Schoul um Kiemel

2023-03-31

Bei stirmischem a reenerischem Wiädder hat dën Ousterheeschen den 31.03. 2023 dë Wee op Wëntger fond fir d'Kanner an eng Oustereierséich anzebannen. All Kand, daat engt Ee fond haat, konnt domat bei d'Mëmbren van dër Eltrevereenigung goën fir na een gëldichen Ousterheeschen aafzehuällen. Dër Eltrevereenigung an dëm Ousterheeschen een décke Merci fir dës flott Aktioun um leste Schouldaag viraan dër Oustervakanz!





Optrëtt vam Zikus "ZWERGELINO"

2023-03-29

An dër lester Schoulwoch viraan Oustren woor dën Zirkus "Zwergelino" zu Wëntger op Besuch, fir dën Eltren van de Kanner aus dëm Zwergeland an dën Schoulkomerooden aus denen anneren Klassen zë weisen ,wéi eng Konststécker déi kleng Akrobaten, Déirendompteuren, Déiren, Clownen, Dänzer, Sänger,... an deene leste Schoulwochen astudéiërt haaten. All d'Invitee'ën haate vill Spaass bei dem aafwiässlungsräiche Programm van deene klengen, begeesterten Künstler.

Fir eech ee klengen Abléck an dë Programm vam Zirkus "Zwergelino" ze giän, kann dër an dës Galerie raluussen. Vill Spaas!






Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot