News

Réckbléck op eise Mülldaag 2012
2012-07-13An där folgender Photosreportage krët dër ee kuurzen Iwerbléck iwert d'Aktivitéiten, déi op eisem Mülldaag 2102 geloof sën.
Dëm "Müllgrupp" nodréiglich na een décke Merci fir déi gelongen Initiativ, bei där d'Kanner ganz vill iwert Müllvermeidung a Müllverwertung geléiërt han.

Ee kurze Réckbléck op eise Schoulsportdaag 2012
2012-07-12Wen na bëssen iwert dë Verloof van eisem Schoulsportdaag wëllt wossen, kann daat aa folgendem kurzen Artikel noliäsen an o eist, eegens zu dëser Manifestatioun komponéiërt Ligd kënnt dër eech iwer folgende Link ranzéiën.

Schoulfest den 8. Juli 2012
2012-07-02Wéi all Joors lied d'Eltrevereenigung an Zesaamenaarbicht mam Léierpersonal all Kanner mat hiren Eltren op hirt Schoulfest an, daat dëst Joor Sonndes, den 8. Juli iwert d'Bühn geet.
Niäwt engem flotte Rahmeprogramm mat Spiller an Ateliers'ën, stin o na Optrëtter va Kanner aus dëm Cycle 2 (15.00 Auer) an 4 um Programm.D'Jugendformatioun van dër Wëntger Musik spillt ab 13.00 Auer ee Concert. Um 14. Auer ass d'Cadeausiwerreechung fir eis Kanner aus dëm Cycle 4.2., déi dann o um 17.00 Auer fir ee "Gala-Mätch" géint d'Léierpersonal aantrëdden. Flott Ausstellungen va Projet'ën, déi am Loof vam lesten Trimester an de Cycle 3 a 4 entstann sën, kënnen de ganzen Daag besichtigt giän.
A wéi all Joors fängt daat Ganzt natiirlich o rëm mat dër well traditioneller Kannermass aan, zu där dër all härlich um 10.45 Auër mat äre Kanner an de Centre culturel invitéiërt sët!
A wann da jidfereen do gudd matgebiädd hat, da schenkt eiser Här äis dann o fläicht déi néidig Sonn, déi daat Ganzt dann zu engem richtige Fest wärt maën!

Soirée française le 8 juin 2012
2012-06-03Le 8 juin 2012 les classes du cycle 4.2. organisent une soirée française où les invités sont principalement les parents d'élèves.
La soirée est organisée dans le cadre d'un vol dehors à Paris, où les classes 4. 2. veulent cofinancer leur sortie avec des actions lancées au cours de l'année scolaire 2011 - 2012. Dans le même cadre les classes 4.2. avaient déjà orgnaisé l'action "Schoul um Kiemel goes CARWASH" dont vous pouvez consulter les photos dans le dossier photos en annexe.
En annexe veuillez trouver le programme de la soirée.

Schoulsportdag 2012
2012-05-24Muären fënt bei äis um Site de Schoulsportdag statt. Hoffentlech sëdd der all a Form.
8:15 Fackelloof
Ab 9 Auer: Sportsaktivitéiten bis 16 Auer.
Dee genauë Programm van den Aktivitéiten fand dër am folgenden PDF