Sonndeg, 18. Mee 2025

De MEN zeechent d'Schoul um Kiemel an de Schoulkauz Wëlwerwoltz aus

2014-03-14

Gelegentlich van enger klenger Feierstonn am Préau vam Centre Culturel zu Wëntger hat d'Madame Claude Sevenig, Vertreterin vam Unterichtsministère de "Schoulkauz Wëlwerwoltz" an "d'Schoul um Kiemel Wëntger" den 14. März 2014 ausgezeechent fir hir Interprätatioun an Ëmsetzung vam Schoulsportdaag 2013.

Niäwent engem klengen Diplôme, den dëm Schmitz Véronique als Vetreterin van eisem "Schoulsportdaaggrupp" iwerreecht gouf, hat d'Madame Sevenig eiser Schoul an o dëm Schoulkautz dann na een Don an Héicht van 2.000 € versprach, den an deene nächsten Deeg vam Ministère aan eis Schoul iwerwise sollt giän.

D'Schmitz Véronique soot dër Madame Sevenig villmools Merci an hat dë Schoulsportdaag 2013 na eng Kéiër Revue passéire geloss:

Ënnert dëm Motto „Lëtz move an der Schoul“ stung dë Schoulsportdaag 2013. An dër Schoul um Kiemel haate mër dë Schoulsportdaag ewer gläichzäitig an dë Kader van dë Spiller van dë klenge Länner gesatt, déi 2013 jo bekanntlich zu Lëtzebuerg iwert d’Bühn gungen.

A Ronn 17 Ateliers’ën wou d’Kanner van Judo, iwer Baseball bis hën bei dë Foussball, d’Radfahren, d’Bouschéissen, o méi exotisch Aktivitéiten wéi z. Bsp. dëm Bauchdanz aagebuädde kruuten, konnt jidfereen sich opmaën fir eventuell nei Sportarte kennen ze léiren a sengt Talent an deenen eenzelnen Disziplinnen ënner Beweis ze stellen.
Ee soziale Charakter haat eise Schoulsportdaag 2013 ewer o, sollt dach
eng ganz wichtig Aktivitéit op dësem 24. Mee 2013 d’Ënnerstëtzung van dër „Fondatioun kriibskrank Kanner“ sën. Am Virfeld vam Schoulsportdaag haat all Kand a sengem Familljën- a Frëndeskrees „Parrains“ geséicht, déi hat beim Erloofen, Erschwammen oder Erpedalléiren va Ronnen sollten ënnerstëtzen. All erloofen, erschwommen oder erstrampelt Ronn sollt vam Parrain mat 50 Cent finanzéiërt giän.
Sou ass dann o kengt Wonner, dat d’Parrains am Enn déif an d’Täsch ha musse gräifen, fir hire Schützling zë ënnertsëtzen. Kengt Wonner ass ët dann o, dat insgesamt 8.800 Euro op dës Art a Weis fir d’kriibskrank Kanner ha konne gesammelt giän, déi gelegentlich vam Schoufest 2013 aan d'Madame Weimerskirch van der "Fondation Kriibskrank Kanner" iwerreecht goufen.

Mam "Project 5" haat de Schoulkauz Wëlwerwoltz eng ähnlich Aktioun gestart, wou Sport a sozialen Engagement matenee vernetzt wooren. Dën Marc Thill ass a paar Wiärder op dë Schoulsportdaag am Kiispelt agang, är ee klenge Filmchen daat Ganzt op eng dynamisch Art a Weis ënnermoolt hat.

De Weber Carlo van dër Wëntger Gemeng an dën Här Rossler Frënn aus dëm Kiispelt han am Naam van hire Gemengen hire Schoulen an dëm Personal Merci gesoot fir hiren Engagement gelegentlich vam Schoulsportdaag 2013 an han hinnen well vill Erfollig gewënscht fir d'Ausdroën vam Schoulsportdaag 2014, den dëst Joor den 30. Mee zu Wëntger ausgedroo gët.


Ween daan na eng Kéiër wëllt gesinn waat d'lest Joor alles op eisem Schoulsportdaag zu Wëntger gebuädde gouf, de ka gären dë Link zu dër entsprechender Photosgallerie opmaën.
Vill Spaass beim Rakucken!