Sonndeg, 18. Mee 2025

Dë Kiemelchen an dër Oktavmass

2014-05-21

Wéi o well an deene leste Joëren, hat eng Delegatioun van Kanner aus dër Schoul um Kiemel Wëntger o dëst Joor rëm dozou bäigedroo fir d’Oktavmass vam Dekanat Cliärrëf ze verschéineren. Am Virfeld van dër Oktav hat d’Hoffmann Christiane sich zweemool Owes no dër Schoul Zäit geholt fir mat deenen intresséiërte Kanner eng Reih Ligder anzeprouwen, déi sie gelegentlich van dër Okatvmass viraa groussem Public sollten virdroën. Während dër Mass hat d’Christiane d’Kanner dann o dirrigéiërt an de Winkin Laurent hat sie op dër Gitaar begleet.
Dat dë Kanner hir Prestatioun dë Legd an dër Kathedral gefall hat, beweist d’Taatsaach, dat si no hirëm leste Ligd mat engem spontanen Applaus van dë Nolauschterer belount goufen an dann o na ee spezielle Merci vam Bëschoof mat op de Wee an d'Éisléck geschéckt kruuten.
Niäwendraan gesi mër déi ganz Mannschaft dann an Aktioun; Schaad, dat mër dën Toun nët o na fir eech hei kannen aspillen!