Sonndeg, 18. Mee 2025

Theateropféirung: Pim, Pam und Pum auf der Euleninsel

2014-03-21

Hockt, den 21.3. 2014 woor ët dann endlich sou wäit. No wochelangem Prouwen stungen d'Kanner aus de Klassen 2.1. B an 2.2.B op de Breeder déi d'Welt bedeiten an han hire Kollegen, Eltren a Bomiën gewisen, dat o wirklich richtig Piraten an hinne steechen, wéi d'Photoën am WIKI Theater beweise wärten.
Moiës hat d'Grupp A fir een Deel van dën Eltren an Spillschoulskanner gespillt a Nomëttes hat dë Grupp B eng Opféirung fir d'Cyclen 2 an 3 souwéi fir déi restlich Eltren gemaat, waat erklärt dat d'Photoën souzesoën duäbbel ze gesi sën!

Vill Spaass beim Raluussen!

Allen Kanner an Eltren soë mër am Nachhinein Merci fir hirt Kommen. Ee besonnische Merci dann na eng Kéiër jidferengem, den noom Theater engt Stéck Kouch fir 1 € kooft hat oder soss ee klengen Don gemaat hat.

Mat deene 436 déi sou zesaame koumen, wollten d'Kanner aus dëm Team 2B d'ALEC, d'Organisatioun fir Härzkrank Kanner zu Lëtzebuerg ënnerstëtzen, wou d'Suën an deene nächsten Deeg dann o hën wärten iwerwise giän!

Fir weider Infoën zum Theater, klick einfach op de Link heidrënner!