Freideg, 20. Juni 2025

MR News



Kannerfuesbal vun dër Eltrevereenigung

2023-01-29

Den 4. Februar lied d'Eltrenvereenigung Är Kanner an Eech op hiren "Kannerfuesbal" an.

Am Flyer hei drënner fand Dër wegder Infoën:

Le 4 février l'association pour parents d'élèves vous invite au "Kannerfuesbal".

Pour de plus amples informations veuillez consulter l'affiche ci-dessous.





Projet Menügestaltung

2023-01-27

An eisem Konzept ass d’ Partizipatioun een vun eisen Haaptpunkten, den mir ëmmer méi an eisen Alldag realiséieren wëllen an och an eisen Projeten ëmmer méi présent soll sinn. An deem Zesummenhang sinn eis Équipen an der Maison Relais am Gang ee neien Projet vir den Cycle 1 bis Cycle 4 an d’ Liewen ze ruffen: Den Projet “Menügestaltung“. An deem Projet soll et eisen Kanner erméiglecht ginn, aktiv un eiser Menügestaltung Deel ze huelen. D’ Kanner däerfen aktiv décidéieren wat an eiser Maison Relais op den Teller kënnt.

Vir d’ Kanner un d’ Thematik eranzebréngen sinn am Virfeld schonn verschidden Aktivitéiten mat den Kanner gemeet ginn vir hinnen di verschidden Aspekter vun eiser Ernährung méi no ze bréngen. D’ Kanner konnten hiert Wëssen iwwert gesond an ongesond Liewensmëttel an verschiddenen Quizfroen testen, Uebst an Geméis sortéieren, Geschmacksspiller maachen, Liewesmëttelpyramiden vir hiren Restaurant erstellen, an nach en puer aner Aktivitéiten.

Vum 1. Februar bis den 12. Juli 2023 gëtt et all Mëttwochs ee vun den Kanner zesummen gestalten Menü. Dësen gëtt dann och faarflech an mat engem speziellen Logo vum Projet op eisem Menüplang gekennzeechent.

Vir dësen Projet schaffen mir och enk mat eisem Kach Ralf an eiser Infirmière Linsey zesummen, fir eis un d’ Regelwierk vum Ministère ze halen an sou och eng gesond an ausgeglach Ernährung kënnen ze garantéieren.

Am Cycle 1 däerfen all d’ Kanner méi bildlech, unhand vun Legosstécker hier Stëmm ofginn.

Den Cycle 2 an den Cycle 3/4 décidéieren den Menü an deem’ s déi Kanner déi wëllen zesummen diskutéieren.

Eis klengst aus dem Précoce stoussen no der Ouschtervakanz dozou an wäerten fir déi éischt 1-2 Kéieren zesummen mam Cycle 1 schaffen an dono wahrscheinlech alleng hiren Menü gestalten.





Chrëschtfeier bei de Kiemelkiddies 2022

2022-12-23

No 2 Joer wou eis Krëschtfeier leider net konnt stattfannen war et dëst Joer rëm sou wäit: Den 19ten Dezember vun 16-19h hun mir d’Kanner an d’Elteren rem bei eis dierfen begréissen.

Eis Équipen hunn e flott Angebot vun Atelieren fir Kléng an Grouss preparéiert.

An der Entrée vun der Crèche gouf et een Eck wou virun allem déi kléng Kanner krauchen, klammen an spillen konnten.

Am Précoce konnt een saïn Gesang beim SINGSTAR weisen an och wat een alles beim FIFA sou kann.

Am Cycle 2 hun eis Kënschtler d’Kanner flott geschminkt. Et war alles dobäi, vun leiwen Prinzessinnen bis bei den wëllen Tiger.

Den Gank vum Précoce an Cycle2 war wéi an der regulären Maison Relais Zäit fir d’Fräispill do.

An den Raim vum Cycle 1 konnt een och flott Saachen man. Et gouf een Bastelateliers fir alles wat Chrëschtdag ugeet, vun Kaarten bis Chrëschtbamdekoratioun.

Am Restaurant vum Cycle 1 konnt een sech lecker Butterkeks Haisercher bauen an flott dekoréieren mat Hariboen, Smarties an Streiselen an allen Formen an Faarwen.

Ausserdeem gouf hei och un een méi rouegen Eck geduecht, wou d’ Kanner interaktiv Geschichten konnten erliewen.

Natierlech hunn mir och un d’ kulinaresch Wuel geduecht. Sou gouf et am Hall Wafelen, Gulaschzopp an eng Crème Andalouse, Schokola, selwer gemeeten Glühwäin vun eisem Kach, Kaffi, Glühjus an Softdrinks.

Et sinn ëm déi 180 Leit eiser Invitatioun nokomm an mir hoffen am nächsten Joer nees sou ee schéinen Owend mat Iech verbréngen ze kënnen!








Mir waren op Woltz boulderen

2022-12-05

Mir, aus dem C3/4 kruten d'Méiglechkeet op Woltz an d'Haal vum Eisleker Klammveräin boulderen ze goen. Dest ass eng Klammsportaart ouni Seel, awer mat dueblem Buedem. Fir den Stuerz gudd ofzefiederen, gouf eng 40 cm deck Matrass verluecht. Heirop ass zousätzlech en Teppech, den dofir suergt, datt d'Matrass geschützt ass an dem Boulderer gläichzäiteg e méi grousse Konfort ubitt.

Mir, an och déi Grouss haaten ganz vill Spaass, hunn eis vill getraut an sinn iwwert eis Grenzen erausgewuess. :-)

Wir, aus dem C3/4 hatten die Möglichkeit, in die Halle des "Eisleker Klammveräins" boulderen zu gehen. Dies ist eine Klettersportart ohne Seil, jedoch mit doppeltem Boden. Um den Sturz gut aufzufangen, wurde eine 40 cm dicke Matratze verlegt. Auf dieser Matratze befindet sich noch zusätzlich ein Teppich, der dafür sorgt, dass die Matratze geschützt ist und dem "Boulderer" mehr Komfort bietet.

Wir, und auch die Erwachsenen hatten ganz viel Spaß, haben uns viel getraut und sind über unsere Grenzen herausgewachsen. :-)

Nous, du C3/4 avons eu la possibilté d'aller dans le hall de la roche "Eisleker Klammveräin" . Il s'agit d'un sport d'escalade sans corde, mais avec un double plancher. Pour bien attraper la chute, un matelas de 40 cm d'épaisseur a été posé. Sur ce matelas, il y a encore un tapis qui assure la protection du matelas et offre plus de confort au "boulderer" .

Nous, et les adultes aussi, nous avons eu beaucoup de plaisir, nous avons eu beaucoup de courage et nous avons grandi au-delà de nos limites. :-)






Eischt Viregt Nächst Lescht