![]() | Projet Menügestaltung2023-01-27An eisem Konzept ass d’ Partizipatioun een vun eisen Haaptpunkten, den mir ëmmer méi an eisen Alldag realiséieren wëllen an och an eisen Projeten ëmmer méi présent soll sinn. An deem Zesummenhang sinn eis Équipen an der Maison Relais am Gang ee neien Projet vir den Cycle 1 bis Cycle 4 an d’ Liewen ze ruffen: Den Projet “Menügestaltung“. An deem Projet soll et eisen Kanner erméiglecht ginn, aktiv un eiser Menügestaltung Deel ze huelen. D’ Kanner däerfen aktiv décidéieren wat an eiser Maison Relais op den Teller kënnt. Vir d’ Kanner un d’ Thematik eranzebréngen sinn am Virfeld schonn verschidden Aktivitéiten mat den Kanner gemeet ginn vir hinnen di verschidden Aspekter vun eiser Ernährung méi no ze bréngen. D’ Kanner konnten hiert Wëssen iwwert gesond an ongesond Liewensmëttel an verschiddenen Quizfroen testen, Uebst an Geméis sortéieren, Geschmacksspiller maachen, Liewesmëttelpyramiden vir hiren Restaurant erstellen, an nach en puer aner Aktivitéiten. Vum 1. Februar bis den 12. Juli 2023 gëtt et all Mëttwochs ee vun den Kanner zesummen gestalten Menü. Dësen gëtt dann och faarflech an mat engem speziellen Logo vum Projet op eisem Menüplang gekennzeechent. Vir dësen Projet schaffen mir och enk mat eisem Kach Ralf an eiser Infirmière Linsey zesummen, fir eis un d’ Regelwierk vum Ministère ze halen an sou och eng gesond an ausgeglach Ernährung kënnen ze garantéieren. Am Cycle 1 däerfen all d’ Kanner méi bildlech, unhand vun Legosstécker hier Stëmm ofginn. Den Cycle 2 an den Cycle 3/4 décidéieren den Menü an deem’ s déi Kanner déi wëllen zesummen diskutéieren. Eis klengst aus dem Précoce stoussen no der Ouschtervakanz dozou an wäerten fir déi éischt 1-2 Kéieren zesummen mam Cycle 1 schaffen an dono wahrscheinlech alleng hiren Menü gestalten. |