Sonndeg, 2. November 2025

Cycle 4


Bouchpräis vam "Comité Auschwitz" fir de Cycle 4.2.

2022-07-04

Gelegentlich van dër Comémoratiounsfeiër beim Denkmool zu Fünfbrunnen hat de "Comité Auschwitz" den 3. Juli alle Kanner aus dëm Cycle 4.2. engt Bouch geschenkt, wou d'Thematik van dër Juddeverfolgung an irgendenger Form opgegraff gët. Leider konnten d'Kanner an d'Léiërpersonal aus dëm Cycle 4.2. nët perséinlich bei dër Feiër dobäi sën, well sie richt fregdes aus hirer Vakanz an dë Vogesen zréck komm wooren. Stellvertretend fir sie hat dë Buergermeester Marcel Thommes d'Béicher vam Präsident vam "Comité Auschwitz", dëm Här Marc Schoentgen, entgéintgeholt, fir de Kanner së mat op Wëntger an d'Schoul ze huällen, an së hirer Bestëmmung ze iwergiän. Dëm "Comité Auschwitz" een décke Merci fir dëse generéise Geste, mat dem d'Mémoire bei eise junke Generatiounen aam Liäwen  gehaal gët.
Photoën zur Comémoratiounsfeiër fand dër an dër Galerie hei drënner.
Wegder Infoën iwert dën Zentrum Fünfbrunnen fand dër o an där selwischter Galerie.

En Internetsite mat Infoën zum Zentrum a sengen Aktivitéiten www.cinqfontaines.lu gët aktuell opgebaut.



Vakanz vam Cycle 4.2. an de Vogesen

2022-06-09

Nodems Corona äis déi lest Jooren ee Strëch durch d'Rechnung gemaat haat, waat eis Schivakanz am Ahrntal aageet, hat dë Cycle 4 dëst Joor décidéiërt, fir eng "Summervakanz" an dë Vogesen ze maën.

Vum 27. Juni bis zum 1. Juli maën eis 3 Klassen aus dëm Cycle 4.2. als Aafschloss van hirer Schoulzäit zu Wëntger Vakanz an dë Vogesen.

We méi iwert dën Ausflug wëll wossen ka lo well
op dee Link hei drënner kucke goën, wou mër Eech ab dem 27. Juni dann um Loofenden haalen.

Eise Kanner an hirem Léierpersonal wënsche mër van dëser Platz aus well eng schéin an erholsam Vakanz.
Mër free'ën äis op äre Besuch op eiser Säit!
Vakanz an de Vogesen

 




Sie verlossen eis Schoul / Ils quittent notre école

2020-07-15

No engem, durch de Coronavirus op de Kapp gestalten Joër, verlossen d'Kanner op de Photoën am Anhang lo eis Schoul um Kiemel.
Lieder feelen op de Photoën paar Kanner, well sie "personne vulnérable" wooren.

Mër wësnchen eech all eng schéin an erholsam Vakanz a wënschen eech ee gudde Start mat ville neiën Frënn an ärer respektiver neiër Schoul!



Zréck an d'Schoul de 25. Mee 2020 / Retour à l'école le 25 mai 2020

2020-05-15

Verschidden Dépliants a Brochüren erklären d'Modalitéiten van dër Reprise fir d'Eltren an hir Kanner:
Zwee Clipen adresséiren sëch direkt aan d'Kanner:

Plusieurs dépliants et brochures expliquent les modalités de la reprise et les gestes barrières à respecter par tous :

Deux clips animés s'adressent directement aux enfants :





Schivakanz am Ahrntal

2019-12-13

Dëst Joor faaren eis Klassen aus dëm Cycle 4.1. an d'Skivakanz, an dëst vam 14. Dezember bis zum 21. Dezember.

D'Destinatioun ass wéi ëmmer St. Johann am Ahrntal.

We méi iwert dën Ausflug wëll wossen ka lo well
op dee Link hei drënner kucke goën, wou mër Eech an deene kommenden Deeg dann um Loofenden haalen.

Eise Kanner an hirem Léierpersonal wënsche mër van dëser Platz aus well eng schéin an erholsam Vakanz.
Mër free'ën äis op äre Besuch!

Schivakanz am Ahrntal 2019




Eischt Viregt Nächst Lescht