Bouchpräis vam "Comité Auschwitz" fir de Cycle 4.2.2022-07-04Gelegentlich van dër Comémoratiounsfeiër beim Denkmool zu Fünfbrunnen hat de "Comité Auschwitz" den 3. Juli alle Kanner aus dëm Cycle 4.2. engt Bouch geschenkt, wou d'Thematik van dër Juddeverfolgung an irgendenger Form opgegraff gët. Leider konnten d'Kanner an d'Léiërpersonal aus dëm Cycle 4.2. nët perséinlich bei dër Feiër dobäi sën, well sie richt fregdes aus hirer Vakanz an dë Vogesen zréck komm wooren. Stellvertretend fir sie hat dë Buergermeester Marcel Thommes d'Béicher vam Präsident vam "Comité Auschwitz", dëm Här Marc Schoentgen, entgéintgeholt, fir de Kanner së mat op Wëntger an d'Schoul ze huällen, an së hirer Bestëmmung ze iwergiän. Dëm "Comité Auschwitz" een décke Merci fir dëse generéise Geste, mat dem d'Mémoire bei eise junke Generatiounen aam Liäwen gehaal gët. Photoën zur Comémoratiounsfeiër fand dër an dër Galerie hei drënner. Wegder Infoën iwert dën Zentrum Fünfbrunnen fand dër o an där selwischter Galerie. En Internetsite mat Infoën zum Zentrum a sengen Aktivitéiten www.cinqfontaines.lu gët aktuell opgebaut. » Galerie |