Freideg, 31. Oktober 2025

Cycle 4


Spillerowend "Kleng géint GROUSS"

2025-01-11

Fir d'Schivakanz van dësem Joor matzefinanzéiren haat de Cycle 4 ee Spillerowend "klein gegen GROSS" organiséiërt, wou d'Kanner géint hir Eltren a Geschwëster bei denen ënnerschiddlichste Spiller konnte géinteneneen aantrëdden.

D'Spiller goufen van dë Kanner selwer geleet a bewert.

Grouss a Kleng haaten dësen Owend vill Spaass mateneen an o d'Keess konnt gudd gefëllt giän.

Ënner folgendem Link krët dër ee klengen Abléck an dëse mouvementéiërten Owend.

Schivakanz 2025 am Ahrntal





Multisportsdag Harel

2024-05-28

An der Päischtvakanz war den Cycle 2-4 zu Harel op dem Multisportsdag.

Pendant les vacances de Pentecôte, le Cylce 2-4 était à Harlange sur la journée multisport.





!! Schlëssel fonnt !!

2024-05-24

Mir hunn een Schlëssel op dem Schoulhaff fonnt. Dir kënnt den gäeren an der Maison Relais siche kommen.

On a trouvé une clé dans la cour de l'école. Il peut être récupéré à la Maison Relais.





De Cycle 4.1. mëcht Vakanz zu Blankenheim

2024-05-11

Vum 13. bis 17. Mee maën eis 4 Klassen aus dëm Cycle 4.1. hir Vakanze-Kolonie zu Blankenheim an Däitschland.

Ween méi iwert dën Ausflug wëll wossen, kann op dee Link hei drënner kucke goën, wou mër Eech dann um Loofenden haalen.

De Kanner an hirem Léierpersonal wënsche mër eng schéin an abenteuerräich Vakanz.

Mër free'ën äis op äre Besuch op eiser Säit!

De Cycle 4.1. mëcht Vakanz zu Blankenheim





VIP Dësch

2024-05-10

Déi Kanner aus dem Cycle 2-4 kënnen sech säit der Ouschtervakanz, Dasdes oder Freides, een VIP-Dësch am Restaurant réservéieren. Sie schreiwen sech an engem Buch an, mat wem, wéini an zou wéiengem Thema sie Iessen kommen.

Les enfants du Cycle 2-4 peuvent réserver une table VIP au restaurant depuis les vacances de Pâques, les mardis et vendredis. Ils s' inscrivent dans un livre, avec qui, quand et sur quel sujet ils mangent.






Eischt Viregt Nächst Lescht