Béichercadeau fir d'Kanner vam Cycle 4.2 gelegentlich van dër Commémoratiounsfeiër zu Fünfbrunnen2025-07-06Wéi all Joer haat de Comité Auschwitz o dës Joer rëm op hir Commémoratiounsfeiër beim Denkmool zu Fünfbrunnen invitéiërt. D'Denkmool, dat 1969 opgeriicht gouf erënnert an all jüdisch Affer aus dëm 2. Weltkrich. A Präsenz vam Kultusminster, dëm Här Eric Thill, konnten d'Kanner aus dër Wëntger Schoul aan enger bewegender Feiër Deel huällen, wou nët nëmmen aan déi verstuärwen jüdisch Mënschen aus dëm 2 Weltkrich erënnert gouf, mee o een Appel zur Toleranz aan déi hocktig Generatiounen geriicht gouf, fir dat d'Geschicht sich nët rëm soll widderhuällen, déi mër an Zäiten vam 2. Weltkrich erliäwt han. Zum Aafschloss van der Feiër kruuten d'Kanner aus eisem Cycle 4 Béicher iwerreecht, déi traurig Kapitelen aus dër Vergangenheet opgräifen, fir së dëm Lecteur gräifbar ze maën, fir sou geent d'Vergeessen aanzekämpfen. Am Anhang eng Reih Biller van dër Commémoratiounsfeiër. Méi Infoën zum "Zentrum Fünfbrunnen" an zu "Erënnerungskultur a Kulturerbe" fand Dër ënner folgende Linken: |